Closer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Closer |
Produktiounsland: | USA |
Produktiounsjoer: | 2004 |
Dauer: | 104 Minutten |
Originalsprooch: | Englesch |
Equipe | |
Regie: | Mike Nichols |
Dréibuch: | Patrick Marber |
Kamera: | Stephen Goldblatt |
Musek: | Liam Howlett |
Produzent: | Celia D. Costas |
Haaptacteuren | |
Jude Law Julia Roberts Clive Owen Natalie Portman |
Closer ass e Film vum Mike Nichols aus dem Joer 2004.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ëm wat geet et am Film ?
De ganze Film besteet eigentlech nëmmen aus véier Personnagen, dem Dan (Jude Law), en erfolleglose Schrëftsteller deen Doudesannoncen an enger Zeitung schreift, dem Alice (Natalie Portman), eng Stripperin vu New York, dem Anna (Julia Roberts), enger Photographin, an dem Larry (Clive Owen), engem Dokter. Den Dan an d'Alice léiere sech kennen, wéi d'Alice direkt am Ufank vum Film ugestouss gëtt, an den Dan hatt an d'Spidol bréngt. De Film spullt d'Zäit dann zwee Joer no fir a mir mierken, datt déi zwee zanterhier eng Koppel sinn. Alles kéint wonnerschéi sinn, wir do net d'Anna, eng Photographin, déi Portaitsopname vum Dan maache soll, a bei deer den Dan probéiert ze landen. D'Anna selwer ass och an enger Bezéiung, a wëll u sech net weider drop agoen, mee et kënnt wéi ëmmer alles anescht wéi een et geplangt huet, a schlussendlech huet irgendwéi jiddfereen eppes mat jiddferengem, wat nëmmen zu engem onmoossege Bezéiungschaos féiere kann.
De Film baséiert um Theaterstéck mat selwechte Numm, an den Dréibuchauteur vum Theaterstéck huet och d'Dréibuch fir de Film geschriwwen.
[Änneren] Triviales
- Eigentlech war d'Cate Blanchett fir d'Roll vum Anna virgesinn, mee well si schwanger ginn ass, huet si missen ofsoen.
- Am Theaterstéck spillt de Clive Owen d'Roll vum Dan. Am Film konnt hien dofir emol an d'Roll vu sengem Kontrahent Larry krauchen.
[Änneren] Zitater
Dës ausgewielten Zitater gehéieren zu den harmlosen aus dem Film, deen e staarke sexuelle Langage huet, an dofir ass de Film zu Lëtzebuerg och eréischt vu 14 u fräiginn.
- Larry: What do you want from me? I've given you all my money! - Alice: Thank you.
- Anna: Don't stop loving me. I can see it draining out of you. It meant nothing. If you love me, you'll forgive me.
- Larry: You don't know the first thing about love because you don't understand compromise.
- Dan: What's so great about the truth? Try lying for a change - it's the currency of the world.
[Änneren] Gielercher
- Golden Globe fir de Clive Owen als Best Performance by an Actor in a Supporting Role in a Motion Picture.
- Golden Globe fir d'Natalie Portman als Best Performance by an Actress in a Supporting Role in a Motion Picture.