Donkels
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
||||
---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Doncols de: Donkols |
|||
Gemeng | Wanseler | |||
Buergermeeschter | Romain Schroeder | |||
Kanton | Wolz | |||
Awunner | 257 (Enn Juli 2006) | |||
Koordinaten | ° 49’ 58’’ 12, N° 5’ 50’’ 15 | |||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Donkels ass eng Uertschaft an der Gemeng Wanseler. Donkels war (mat Soller) déi eenzeg Uertschaft am Territoire vum heitege Lëtzebuerg, an deer fréier Wallounesch geschwat gouf. Duerch d'Grenzzéiung duerch den Traité vu London koum et net, wéi déi aner wallouneschsproocheg Uertschaften, un d'Provënz Lëtzebuerg, mee un de Grand-Duché. Zeien heivun sinn z.B franséischsproocheg Flouernimm, wéi Bois des Poux oder wallouneschsproocheg Bezeechnungen vun Uertschaftsdeeler vun Donkels, wéi Bohoy.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
[Änneren] Geschicht
Den Donkelser Wollef
Den "Donkelser Wollef" war e Schéifer vu Bras, deen uganks vum 19. Joerhonnert an der Donkelser Géigend Kierf verkaf an de Leit Geschichten iwwert déi sëlleche Wëllef verzielt huet, déi en dout gemaach hätt, a fir déi Geschichte Saache fir z'iesse geheescht huet. Hie war mat engem Wollefspelz gekleet, dofir säin Numm. Duerch dëst markant Optrieden war en iwwerall an deem Streech bekannt, sou datt et zum Ausdrock "Bekannt wéi den Donkelser Wollef" koum.