Doumstad (Tréier)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu Däitschland ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
An der Tréierer Doumstad, déi sech ronderëm a speziell hannert dem Doum befënnt, leien enk verwénkelt Gässelcher mat Haiser aus aacht Joerhonnerten.
D'Stroossebild vun der Doumstad, ass nach haut markéiert duerch déi am 11. Joerhonnert vun de Tréierer Bëscheef gebaute Mauer. Si huet eng Fläch vun ongeféier 10 Hektar ëmschloss a gouf zum Deel aus Stengreschter aus réimescher Zäit gebaut. Haut fënnt een nieft den héichen ale Gaardemaueren, verschnörkelt Paarten, Wopen, laténgesch Aschrëfte a Bauten aus der Doumgeschicht.