Tréierer Doum
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel zu engem reliéise Gebai ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mëtten am Stadszentrum vun Tréier steet den Tréierer Doum St. Peter, déi eelste Bëschhofskierch an Däitschland a Kierch vum Bistum Tréier.
Am 4. Joerhonnert iwwert engem fréiere Palais vum Konstantin als gréisst chrëschtlech Kierch aus der Antikitéit iwwerbaut, war dës quasi véiermol sou grouss wéi den heitegen Doum. Déi riseg Granitsail (Domstein) virun der Entrée vum Doum weist op e réimeschen Ursprong vum chrëschtleche Gebai hin. Duerch Zerstéierungen am 5. an am 9. Joerhonnert gouf de réimesche Kär vun der Kierch, dee ganz bliwwe war, am Mëttelalter nees duerch eenzel romanesch Ubaute vergréissert.
Ëm 1200 gouf südlech vum Doum déi fréigotesch Léiffraekierch op réimesche Sailefëllementer vun engem fréiere Kierchendeel opgeriicht. Si steet mam Doum an de klengen enke Gaasse ronderëm an der Doumstad.
Mat senger iwwert 1650 Joer aler Geschicht, ass den Doum 1986 an d' Weltierfschaft vun der UNESCO opgeholl ginn.