Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Web Analytics
Cookie Policy Terms and Conditions Englesch Revolutioun - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Englesch Revolutioun

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Zäitgenëssesch Karikatur zu der Englescher Revolutioun
Zäitgenëssesch Karikatur zu der Englescher Revolutioun

D'Englesch Revolutioun (och Englesche Biergerkrich oder Éischt Englesch Revolutioun) gouf vu 1642 bis 1649 tëscht den Unhänger vum Kinnek Charles I. an dem Parlament ausgedroen. An hir hunn sech net nëmmen d'Spannungen tëscht dem absolutistesche Kinnek an dem Ënnerhaus entlueden, mee och d'Géigesätz tëscht den Anglikaner, Puritaner, Presbyterianer a Katholiken. De Krich ass mat der Hiriichtung vum Kinnek op en Enn gaangen, an der zäitweileger Ofschafung vun der Monarchie - England gouf zu enger Republik.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Ursaache vun der Revolutioun

[Änneren] Reliéis an dynastesch Entwécklungen

Den Henry VIII. vun England
Den Henry VIII. vun England

Ënnert dem Kinnek Henry VIII. hat sech England am Joer 1534 duerch d'Grënnung vun der Anglikanescher Staatskierch vun der Kathoulescher Kierch getrennt. Nodeems d'Kinnigin Maria I. mam Versuch vun enger Rekatholiséierung vum Land keen Erfolleg hat, koum et ënnert hirer Nofolgerin Elizabeth I. zu enger Festegung vun der Anglikanescher Kierch. Well sech dës Léier an den Aa vu villen Englänner awer net vill vum Katholizismus ënnerscheed huet, kruten an der zweeter Halschent vum 16. Joerhonnert d'radikal-calvinistesch Puritaner staarken Zoulaf.

Nom Doud vun der Elizabeth, déi ouni Kanner gestuerwe war, ass d'englesch Kroun un de Kinnek James VI. vu Schottland gaangen. Als James I. huet hien am Joer 1603 déi zwee Länner an enger Personalunioun vereenegt, a sech zënter 1604 Kinnek vu Groussbritannien genannt. Aneschters wéi seng kathoulesch Mamm, d'Maria Stuart, déi 1587 op en Uerder vun der Elizabeth I. higeriicht gi war, war den James en iwwerzeegte Protestant, dee staark vum Calvinismus geprägt war. Ausserdem war hien en iwwerzeegten Unhänger vun der Iddi vum divine right, dem gëttleche Recht vun de Kinneken, alleng ze herrschen. Dës Iwwerzeegung huet d'Stuartkinnekshaus vun Ufank un an e Géigesaz mam englesche Regierungssystem bruecht, wat deemools säit bal 300 Joer eng (wann och begrenzte) Matwierkung vum Parlament un de Staatsgeschäfter kannt huet.

[Änneren] England ënnert dem James I.

Den James I. huet sech als Kinnek vun England op déi anglikanesch Staatskierch gestäipt, wou d'Majoritéit vun de Bëscheef och vum Gottesgnadentum vun de Kinneken iwwerzeegt waren. Gläichzäiteg huet hien déi puritanesch Léier ofgeleent, déi dem Kinnek d'Recht ofgeschwat hat, seng Sujetsën a Gewëssensfroen engem Zwang auszesetzen.

Wéi d'anglikanesch Bëschofskonferenz vu 1604 souwuel de puritanesche wéi och de kathoulesche Glawe verdaamt huet, koum et zu ëmmer méi reliéise Spannungen an England. Am November 1605 hu kathoulesch Adleger ronderëm de Guy Fawkes an der sou genannter Polferverschwörung d'Ermuerdung vum James I. an alle Parlamentarier geplangt. Den Uschlag gouf nëmmen duerch en Zoufall verhënnert. Dëst huet kuerzzäiteg zu engem méi no kommen tëscht Kinnek a Parlament gefouert. Op laang Siicht hu sech awer d'absolutistesch Tendenze vum James I. als méi follegräich erwisen. Den entscheedende Punkt war awer, datt de Katholizismus vun deem Ament un meeschtens als suspekt duergestallt gouf, an domadder politesch ouni Bedeitung ginn ass.

D'Virstellung vun engem gëttlech legitiméierte Kinnektum, wat also kenger irdescher Muecht an domadder och net dem Parlament verpflichtet wär, huet dem James seng Politik geprägt. Sou huet hien de Kaf vun Titelen erméiglecht, woumadder hien eng Schwächung vum nidderen Adel bezwecke wollt. Déi friddlech Haltung vum James I. géigeniwwer Spuenien huet säi Ruff weider zerstéiert. Am Parlament huet sech eng Oppositioun géint de Kinnek forméiert, déi virun allem aus Membere vun der Gentry (Landadel) an dem Biergertum bestanen huet, an déi d'parlamentaresch Rechter oprecht erhale wollt. Eng weider Degradatioun vum Ruff vum Kinnek krut den James I. duerch d'massiv Usidlung vun engleschen a schottesche Bierger am ireschen Ulster. Obschonns Irland zënter dem spéiden 12. Joerhonnert schonn an englescher Hand war, an zënter 1542 offiziell der englescher Kroun ënnerstallt war, hat sech de kathoulesche Glawen hei gehalen. En ireschen Opstand aus dem Joer 1602 deen néiergeschloë gouf huet gewisen, datt och an dësem Deel vun der englescher Muechtsphär e grousse Konfliktpotential geherrscht huet.

[Änneren] England ënnert dem Charles I.

Den Charles I. vun England
Den Charles I. vun England

Wéi den James I. 1625 gestuerwen ass, koum säin zweeteelste Jong als Charles I. op den engleschen a schotteschen Troun. Nach am selwechte Joer huet sech den Charles I. mat der Henriette de Bourbon bestued, wat hie besonnesch bei de Puritaner onbeléift gemaach huet, well et sech bei der Henriette ëm déi kathoulesch Duechter vum franséische Kinnek Henri IV. gehandelt huet. Den Charles I. war nach méi staark wéi säi Papp vun der Existenz vu gëttleche Kinneksrechter iwwerzeegt, an huet eng Versöhnung mat der kathoulescher Kierch ugestriewt. Hien huet sech méi wéi eng Kéier am Kader vu senger Restauratiounspolitik iwwert d'Parlament ewech gesat, andeems hien ouni seng Zoustëmmung Steieren erhuewen huet. Dem Charles I. seng absolutistesch Herrschaftsausübung huet en energesche Widerstand vum Parlament provozéiert, an deem vill Puritaner vertruede waren. D'Wahl vum Oliver Cromwell am Joer 1628 an d'Ënnerhaus war en entscheedenden Datum. Dësen huet zu der Gentry gehéiert, a war e fanatesche Puritaner, den zu der radikaler Stréimung vun den Independents gehéiert huet. Am selwechte Joer huet d'Parlament dem Kinnek d'Petition of Right virgeluegt, déi hien ënnert finanziellem Drock erlaabt huet. D'Petition of Right huet ënner anerem de Verzicht vum Kinnek op Steiererhiewungen an de Schutz viru willkürleche Verhaftunge gefuedert. Et war virun allem d'Bedeelegung vun England am Drëssegjärege Krich, déi den Haushalt vun der Kroun geschiedegt hat, an esou d'Steierpolitik vum Charles I. noutwänneg gemaach hat.

E Joer méi spéit huet de Charles I. awer d'Opléisung vum Parlament decidéiert, an huet bis 1640 de facto als absolutisteschen Herrscher regéiert, woubäi hie sech op Beroder wéi de Grof vu Strafford an den Äerzbëschof William Laud gestäipt huet. Den Thomas Wentworth, spéideren Earl of Strafford, an ehemolegen Deputéierte vum Ënnerhaus, gouf 1632 zum Lord Deputy an Irland ernannt, wou hie mat senger haarder an zugläich pro-kathoulescher Politik d'Lag berouege konnt. An dëser Phas vu senger Regentschaft huet den Charles I. seng politesch a reliéis Géigner verfollege gelooss, wouvunner virun allem d'Puritaner betraff waren. Den Äerzbëschof Laud huet d'Duerchsetzung vum anglikanesche Glawen am presbyterianesche Schottland ugestriewt, wat d'Resistenz vun de Schotte mat sech gezunn huet.

[Änneren] De Wee zum Biergerkrich

Thomas Wentworth, Grof vu Strafford
Thomas Wentworth, Grof vu Strafford

D'presbyterianesch Schotten, déi sech am Covenant with God ("Bund mat Gott") gesinn hunn, hunn 1638 en Opstand ugefaangen. De Wentworth gouf 1639 nees an England zeréckgeruff, zum Lord vu Strafford ernannt a géint den Opstand agesat. Déi englech Feldzich fir den Opstand néierzeschloë waren ouni Erfolleg, wärend d'Käschte vun dëse sougenannte "Bëschofskricher" ëmmer méi héich gi sinn. Virun dësem Hannergrond huet sech den Charles I. 1640 gezwonge gesinn, fir d'Bewëllegung vu weidere Finanzmëttel d'Parlament anzeberuffen. Well d'Parlamentarier dem Charles I. seng Herrschaft am Allgemengen a säi militärescht Virgoë géint Schottland besonnesch kritiséiert hunn, huet de Kinnek d'Parlament no e puer Wochen nees opgeléist, wouhir och den Numm "Kuerzt Parlament" komm ass.

Weider englesch Mësserfolleger am Kampf géint déi opstänneg Schotten hunn den Charles I. nach am selwechte Joer derzou gezwongen, d'Parlament eng zweete Kéier anzeberuffen, wat als Ofgrenzung zum "Kuerze Parlament" och als "Laangt Parlament" an d'Geschicht agaangen ass. Et gouf vun de Puritaner ënnert der Féierung vum John Pym dominéiert. D'Laangt Parlament huet dem Kinnek 1641 e Katalog vu Plainte virgeluegt, an huet Zougeständnisser erzwongen. Dem kinnekleche Beroder Lord Strafford gouf de Prozess gemaach, an sech Hiriichtung gouf beschloss.

An Irland gouf gefaart, datt et no der Politik vum Strafford, déi hinnen entgéint komm war, zu enger gewaltsamer Anglikaniséierung ging kommen. Doduerch koum et 1641 zu enger oppener Rebellioun, an deeër eng grouss Zuel vun engleschen a schotteschen Awunner ëm d'Liewe koumen.

An de parlamentaresche Kreesser koum et zu Gerüchter déi besot hunn, datt den Charles I. an dës Virfäll verwéckelt wär. Den Charles I. wollt sech awer un d'Spëtzt vun engem Feldzuch géint déi rebellesch Ire setzen, wat him d'Majoritéit vum Parlament verweigert huet. Als Reaktioun doropper huet seng aus moderéierten Deputéierten eng kinnekstrei Partei forméiert. Am Januar 1642 huet den Charles I. d'Verhaftung vun enger Partie oppositionelle Parlamentarier decidéiert, zu denen den John Pym, den John Hampden an den Arthur Haselrig gehéiert hunn, mee déi awer fortlafe konnten. Den Charles I. huet doropshi London verlooss, a sech op de Kampf virbereed. D'Parlament huet d'Opstellung vun enger Arméi an d'Weeër geleed, fir de Royalisten ze begéinen. Wärend den Drëssegjärege Krich op dem europäesche Festland lues awer sécher op en Enn gaangen ass, ass England an e Biergerkrich gefall.

[Änneren] Verlaf vum Krich

[Änneren] Royalistesch Erfolleger (1642 - 1643)

Den englesche Biergerkrich vu 1642 bis 1645
Den englesche Biergerkrich vu 1642 bis 1645

Nom Ausbroch vum Biergerkrich gouf a groussen Deeler vu Wales, am Cornwall an am Nordoste vun England Partei fir de Kinnek ergraff. Wärend déi kinnekstrei Englänner "Cavaliers" ("Reider") genannt goufen, kruten d'Unhänger vum Parlament den Numm "Roundheads" (opgrond vun hire kuerzen Hoer). Zu der éischter méi grousser Kampfhandlung vun der Englescher Revolutioun koum et mat der Belagerung vu Kingston upon Hull duerch de royalisteschen Earl of Newcastle, déi den 11. Oktober 1642 huet missen ofgebrach ginn. Hull am Nordoste gouf vun do un vun de Parlamentarier als méiglechen Ausgangspunkt fir d'Eruewerung vu Yorkshire a Betruecht gezunn. Den 23. Oktober koum ët bei Edgehill zu enger Feldschluecht tëscht de Konfliktparteien. Den Ausgang vun dëser Schluecht war awer net kloer an hat keen Afloss op de weidere Virmarsch vun de royalistesche Cavaliers, denen et kuerz drop gelongen ass, Oxford anzehuelen. Fir d'parlamentaresch Roundheads wor elo d'Gefor vun engem kinnekleche Virmarsch géint London no. De Generol Skippon huet am Déngscht vum Parlament eng Arméi mat enger Stäerkt vun iwwer 20.000 Mann op d'Bee gestallt, a London befestege gelooss. Dem Skippon seng Truppen hunn sech de Cavaliers den 13. November 1642 entgéint gestallt, mee d'Cavaliers sinn ofgezunn, ouni datt et zu grousse Kampfhandlunge komm ass.

Am Joer 1643 hunn d'Schotte Partei fir d'Roundheads ergraff, wärend d'Cavaliers vu Cornwall aus militäresch däitlech méi aktiv gi sinn. Ënnert dem Sir Ralph Hopton konnten d'royalistesch Truppen Devon, Dorset a Somerset fir sech anhuelen. Dem Hopton seng Truppen hunn sech am Juli mat deene vum kinnekleche Reidergenerol Ruprecht vun der Pfalz vereenegt, engem Jong vum Friedrich V.. Zesummen hunn si Bristol ugegraff, en Ugrëff deen de 26. Juli ugefaangen huet an no héige Verloschter zu engem royalisteschen Erfolleg gefouert huet. Den 9. August hunn d'Cavaliers mat der Belagerung vu Gloucester ugefaangen, wat matzen an engem mëttlerweil royalistesch kontrolléierte Gebitt lung. Den 20. September koum et schlisslech zu enger Schluecht bei Newbury wou et awer kee kloere Gewënner gouf.

[Änneren] D'New Model Army an eng Wendung vum Krich

The Souldiers Catechisme
The Souldiers Catechisme

D'Krichsjoer 1644 huet mat der Belagerung vun Nantwich duerch iresch Truppen ënnert dem royalistesche Generol Byron ugefaangen, mee dës Belagerung gouf awer de 25. Januar duerch parlamentaresch Truppen ënnert dem Sir Thomas Fairfax op en Enn bruecht. Fir York ze entlaaschten, wat vun de Roundheads belagert gouf, ass de Ruprecht virun der Stad agetraff an huet d'Parlamentarier an hir schottesch Alliéiert den 2. Juli zu enger Schluecht um oppene Feld am Marston Moor gezwongen. Dës Schluecht wor eng schwéier Néierlag fir d'Royalisten, déi domadder d'Kontroll iwwer Nordengland verluer hunn. D'Schluecht vu Lostwithiel am Cornwall war de leschte groussen Erfolleg vun de Royalisten. Amplaz den Ausgang vun der Schluecht zu weidere militäreschen Aktiounen ze notzen, huet sech den Charles I. mat sengen Truppen op Oxford zeréckgezunn.

De weidere Krichsverlaf gouf virun allem duerch d'Opstellung vun der New Model Army ënnert dem Fairfax an dem Cromwell entscheed, déi am Wanter 1644 ugefaange gouf a bis zum Januar 1645 ofgeschloss war. Den Oliver Cromwell hat 1643 eng Kavallerieeenheet opgestallt, déi virun allem aus fanatesche Puritaner bestanen huet, a wou d'Memberen als "Ironsides" bekannt goufen. De Cromwell huet an der New Model Army, déi och zum gréissten Deel aus radikale Puritaner bestanen huet, den iéweschte Kommando iwwert d'Reiderei iwwerholl. Déi modern Arméi - fir déi deemoleg Verhältnisser - konnt de 14. Juni 1645 an der Schluecht vun Naseby de Kampf fir sech entscheeden. Den 10. Juli koum et zu enger weiderer Néierlag vun de Cavaliers bei Langport. Bis zum Hierscht konnten d'Roundheads wichteg Stützpunkter wéi Bristol zeréckgewannen. Dobäi koum et am Basing House zu Hampshire zu engem besonnesch grausame Virfall. D'Uwiesen, wat och als "Loyalty House" bekannt war, a vun de Royaliste verdeedegt gouf, hat mat senge provisoresche Bastiounen an de Joren 1643 a 1644 ville Belagerunge standgehalen. Et wor eng Zuflucht fir Katholiken a Membere vum Héichadel, alles Leit déi op parlamentarescher Säit verhaasst waren. De 14. Oktober 1645 hunn d'Roundheads d'Basing House ugegraff. E puritanesche Priedeger huet d'Verdeedeger vum Uwiesen als "Gotteslästerer" bezeechent, an hir Vernichtung gefuerdert. Tatsächlech goufe beim Stuerm op d'Basing House nëmme wéineg Mënschen duerch d'Roundheads verschount.

Um Ufank vum Joer 1646 waren d'Royalisten eendeiteg an der Defensiv. Parlamentaresch a schottesch Truppen hu mat der Belagerung vun Newark ugefaangen, der leschter Stad déi d'Royalisten an Nordengland gehalen hunn. Den 8. Mee huet sech d'Garnisoun vun der Stad erginn. Am selwechte Mount huet d'Belagerung vun Oxford duerch d'Roundheads ugefaangen, wouhinner sech den Charles I. no der Schluecht vun Naseby zeréckgezunn hat, mee hie konnt nach fortlaafen. Hien huet sech an d'Schlass vun Newcastle zeréckgezunn, wou him schottesch Truppe Schutz ginn hunn. Vun do aus koum de 16. Juni 1646 den Uerder un d'royalistesch Garnisounen, hir Waffen néierzeleeën.

[Änneren] Den "zweete" Biergerkrich (1647-1649)

De Cromwell mat der Läich vum Charles I. (Paul Delaroche, 19. Joerhonnert)
De Cromwell mat der Läich vum Charles I. (Paul Delaroche, 19. Joerhonnert)

D'Schotten hunn den Charles I. 1647 un dat englescht Parlament ausgeliwwert. Spannungen tëscht der Arméi an dem Parlament konnt den Charles I. no e puer Méint a Gefaangenschaft notzen, fir d'Schotten derzou ze bewegen, sech op seng Säit ze stellen. Am Juli 1648 koum et an England zu royalisteschen Opstänn, während schottesch Kämpfer an den engleschen Territoire agefall sinn. Ënnert dem Oliver Cromwell goufen d'Schotte bei Preston geschloen, wärend royalistesch Uertschaften nees ënnert d'Kontroll vum Parlament bruecht goufen. Den Englesche Biergerkrich ass domadder op en Enn gaangen. Just an Irland hunn Opstänneger nach weiderhi Widerstand géint d'Roundheads geleescht. Duerch seng militäresch Erfolleger a säin agressive Puritanismus war dem Cromwell säin Afloss an der Tëschenzäit staark an d'Luut gaangen. Hien huet der Arméi den Optrag ginn, verschidde presbyterianesch a kinnekstrei Deputéierte festzehuelen. Ausserdem gouf villen Deputéierten den Zougang zum Parlament ënnersot. D'Rump Parliament wat esou enstanen ass, huet op Bedreiwe vum Cromwell dem Charles I. de Prozess gemaach, deen den 30. Januar 1649 higeriicht gouf.

[Änneren] Folge vun der Revolutioun

D'Englesch Revolutioun hat d'Ofschafung vun der Monarchie zur Folleg, an England gouf zu enger Republik, de sougenannte Commonwealth. D'Republik gouf ouni d'Uewerhaus vum Rumpfparlament regéiert. De Puritanismus war vun enger zäitweileg ënnerdreckter zu der dominanter Reliounsbewegung an England ginn, wat sech besonnesch zum Nodeel vun de Katholiken ausgewierkt huet. Ënnert dem Cromwell goufe brutal Strofzich géint Irland a Schottland ënnerholl, an den iresche Grondbesëtzer gouf den Territoire ewechgeholl. D'Republik hat nëmme bis 1653 Bestand a gouf vun enger puritanescher Militärdiktatur ënnert dem Cromwell als Lord Protector ofgeléist. Nom Doud vum Cromwell am Joer 1658 an dem Ofdanke vu sengem inkompetente Jong Richard gouf 1660 d'Monarchie ënnert dem Charles II., dem Jong vum Charles I., nees hirgestallt. Trotzdem hat d'Englesch Revolutioun laangfristeg zu der Festegung vum Parlamentarismus an der Erausbildung vun enger parlamentarescher Demokratie an England bäigedroen.

[Änneren] D'Strofzich vum Cromwell

An direktem Zesummenhang mat den Evenementer vun der Englescher Revolutioun stinn d'Strofzich vum Cromwell géint Irland a Schottland, déi hien no der Hiriichtung vum Charles I ënnerholl huet.

[Änneren] D'Ënnerwerfung vun Irland

Oliver Cromwell
Oliver Cromwell

Den ireschen Opstand vun de Katholiken, dee 1641 ausgebrach war, huet sech am Ufank géint sämtlech englesch Awunner geriicht. Noutgedrongen hu si sech am weidere Verlaf vun der Revolutioun nougedronge mat de Royaliste verbonnen, an zënter dem "zweete" Biergerkrich och mat de presbyterianesche Schotten. Nodeems d'Parlament géint d'Kroun gewonnen hat, wollt de Cromwell d'Herrschaft vun der englescher Republik och an Irland duerchsetzen, an dobäi un den Opstännegen en Exempel statuéieren. Bis 1649 war et dem royalisteschen Earl of Ormonde gelongen, mat irescher Hëllef d'Parlamentarier op wéineg Stützpunkter zeréckzedrängen. Nëmmen d'Regioun Ulster an Dublin konnte fir d'englesch Republik gehale ginn. Déi opstänneg Ire waren awer schlecht ausgerüst a meeschtens schwaach organiséiert. Kompenséiert gouft dëst deelweis duerch militärescht Wëssen, wat sech vill Iren als Söldner vum europäesche Festland matbruecht haten. Och am Erriichte vu Befestegungsanlage waren d'Iren hire Géigner mindestens gläich gestallt. Et huet hinnen awer u Schéisspolver gefeelt, an dowéinst hunn si aus de Läiche vun Englänner Salpeter gewonnen.

Wéi den Oliver Cromwell am August mat sengen Truppen an Irland agetraff ass, huet sech d'Lag séier geännert. D'Belagerung vun Dublin duerch d'Iren an d'Royaliste gouf gewaltsam op en Enn gesat, wärend dem Cromwell seng Truppen den 9. September mat engem Ugrëff op Drogheda un der irescher Ostküst ugefaangen hunn. Den 11. September ass et hinne gelongen, d'Stad anzehuelen, wat zu engem Bluttbad gefouert huet. All d'Awunner vun Drogheda goufen ëmbruecht oder deportéiert. Duerno ass dem Cromwell seng Arméi weider no Süde gezunn, bis si den 11. Oktober an der Küstestad Wexford ukomm sinn, déi si eruewere konnt a wou d'Awunner ëmbruecht oder verschleeft goufen. Virum Hannergrond vun dësem brutale Feldzuch hunn sech Stied wéi Cork a Youghal op déi parlamentaresch Säit geschlo, fir der Zerstéierung z'entgoen. Den Ugrëff op Kilkenny ass ouni Erfolleg bliwwen, an huet vill Doudesaffer gefuedert, sou dass de Cromwell mat der Garnisoun Verhandlungen opgeholl huet, an hinnen den 28. Mäerz fräien Ofzuch garantéiert huet. Am Mee hunn dem Cromwell seng Truppen e puer mol versicht Clonmel anzehuelen, wat vun den ireschen Opstännegen ënnert dem Hugh Dubh O'Neill verdeedegt gouf. Wéi d'Iren hir gesamt Munitioun verschoss haten, sinn si an der Nuecht aus der Stad gaangen, sou dass d'Roundheads se den Dag drop besetze konnten. Duerch d'Lag a Schottland huet de Cromwell kuerz Zäit drop Irland verlooss, an e gréisseren Truppekontingent ënnert dem Kommando vu sengem Schwoer Henry Ireton zeréckgelooss. Dës Truppen hunn de leschten iresche Widerstand gebrach. Den 21. Juni goufen d'opstänneg Ire bei Scarrifhollis geschlo an den 10. August gouf d'Kapitulatioun vun hirem Stützpunkt zu Waterford erzwongen. De Feldzug gouf 1651 fortgefouert an huet sech géint Limerick geriicht. D'Stad, déi vum O'Neill verdeedegt gouf, huet de 27. Oktober no der Zousécherung vum fräien Auszuch kapituléiert. Bis 1652 hunn d'Iren nach vereenzelt Widerstand geleescht, mee zu dësem Zäitpunkt war Irland scho gréisstendeels ënnert der Kontroll vun der englescher Republik.


  Kuckt och den Artikel Iresch Konfederatiounskricherd'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


[Änneren] De Feldzuch géint Schottland

D'Schotten, déi zënter 1648 mat de Royalisten alliéiert waren, haten zwar bei Preston eng schwéier Néierlag missen hinhuelen, mee déi schottesch Resistenz gouf duerch dës Schluecht net gebrach. Dofir ass de Cromwell 1650 aus Irland zeréckkomm, an huet e Feldzuch géint Schottland organiséiert. Dësen huet mat enger Victoire vun de parlamentareschen Truppen ënnert dem Cromwell an dem Generol George Monk bei Dunbar ugefaangen. D'schottesch Stützpunkter wéi Edinburgh Castle a Stirling Castle, déi nach mëttelalterlech Befestegungsanlagen haten, goufe séier ënner parlamentaresch Kontroll bruecht. Duerno goufen a schotteschen Uertschafte wéi Ayr, Perth a Leith Zitadelle gebaut, fir d'Herrschaft vun der englescher Republik duerchzesetzen. Zu weidere Konflikter koum et, wéi den Charles II., dee 1650 a Schottland geland war, mat Truppen an England agefall ass. Ënnert dem Cromwell hu sech hinnen d'parlamentaresch Truppen den 3. September bei Worcester gestallt, wou si an enger oppener Feldschluecht géint d'Schotte gewanne konnten. Domadder war och déi schottesch Resistenz gebrach.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Martyn Bennett, Oliver Cromwell, Routledge, New York, 2006. (ISBN 0-415-31921-8)
  • Allan I. Macinnes, The British revolution, 1629-1660, Houndmills, New York, 2005. (ISBN 0-333-59749-4)
  • Roland Marx, L'Angleterre des révolutions, A. Colin, Paräis, 1972.
  • Trevor Royle, The British Civil War : the wars of the three kingdoms, 1638-1660, Palgrave, New York, 2004. (ISBN 0-312-29293-7)
  • Gérard Walter, La Révolution anglaise : 1641-1660, Hachette, Paräis, 1982. (ISBN 2-501-00228-8)

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu