Monarchie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Regierungsforme vun der Welt |
---|
Republikanesch Staatsform ██ Präsidentielle Regierungssystem ██ Präsidentielle Regierungssystem mat Exekutivbefugnis déi un d'Parlament gebonnen ass ██ Semipresidentielle Regierungssystem ██ Parlamentaresche Regierungssystem Monarchesch Staatsform ██ Parlamentaresch Monarchie ██ Konstitutionell Monarchie aner Staatsform ██ Staaten mat Eeparteiesystem ██ Militärdiktatur Stand: Abrëll 2006
|
D'Monarchie (iwwert dat franséischt Wuert monarchie aus dem griichesche Wuert μοναρχία, monarchía, „Muecht vun engem Eenzelnen“) ass eng Staats- a Regierungsform, bei deeër eng Eenzelpersoun (Monarch bzw. Monarchin) d'Herrschaft ausübt. De Monarch gëtt entweder duerch Ierffolleg (Ierfmonarchie) oder duerch Wahl (Kinnekswahl, Wahlmonarchie) op Liewenszäit bestëmmt. De Muechtusproch vum Monarch stäipt sech op eng iwwernatierlech Bestëmmung. Dës kann am Wëlle vu Gott leien. Och d'Veréierung vum Monarch als eegestänneg Gottheet ass méiglech.
Wa sech de Muechtusproch vum Herrscher op eng weltlech Berechtegung stäipt, handelt et sech ëm eng Republik (Géigebegrëff).
En Unhänger vun der Monarchie gëtt Monarchist, e Géigner Monarchomach genannt, d'Staatstheorie bzw. Ideologie nennt ee Monarchismus.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschichtlech Entwécklung
D'Art vu Monarchie, déi sech duerch de Bezug op Gott/eng Gottheet legitiméiert, ka bis an d'aalt Egypten zeréckgefouert ginn, wou de Pharao als Gott veréiert gouf. Ähnleches gëlt fir de keeserleche System am Keeserräich China, wat den Herrscher ënner anerem als Jong vum Himmel (chin. /天子, Tiānzi) bezeechent, a senger Herrschaft e Mandat vum Himmel gesinn huet, an him doduerch absolut Muecht ginn huet.
Heinandsdo kënnt et och zu enger Duebelmonarchie. Kuckt dofir Dyarchie. Zu der Geschicht kuckt och Kinnek.
[Änneren] Wahl- an Ierfmonarchie
D'Wahlmonarchie (mat dacks ageschränktem Kandidaten- a Wielerkrees) schéngt historesch méi al wéi d'Ierfmonarchie ze sinn, well si d'Gefor vun engem Biergerkrich bei der Ierffolleg erfollegräich méi kleng gemaach huet. Bis zu hirem Enn waren d'Kinnekräich Polen an d'Hellegt Réimescht Räich eng Wahlmonarchie. Géigewäerteg (2006) sinn et nach Malaysia an d'Vereenegt Arabesch Emirater.
Bis zu der Christianiséierung vun Europa ass hei meeschens eng Form vun der Wahlmonarchie ze fannen. Germanesch souwéi keltesch Stämm hunn hir Häuptlingen, déi zwar an der Regel aus de mächtegen an aflossräiche Familjeclans kommen, awer keng automatesch Ierffolleg kennen. Beim Dout vun engem Häuptling gouf einfach en neien duerch verschidde Ritualer (Thing, Schëlderhiewung) gewielt oder proklaméiert. Och wann een Uféierer d'Kinneksheel verlooss hat, gouf en einfach duerch en neien ersat. An der sächsescher Uerdnung gouf esouguer nëmme fir d'Zäit vun engem Krich oder engem Feldzuch en Herzog gewielt, deen nom Enn vum Krich nees zu engem einfache Fräie ginn ass. Eng aner Herrschaft gouf vun de fréiere Baueren net unerkannt.
Dës virfeudalistesch Uerdnung, déi deelweis duerchaus demokratesch Zich hat, huet hiert Enn mat der Christianiséierung fonnt. Wéi am Réimesche Räich de Keeser Konstantin de Grousse mam Toleranzedikt vu Mailand am Joer 313 d'Chrëschtentum den den anere Relioune gläichgestallt huet, an da selwer spéider zum Chrëschtentum konvertéiert huet, huet eng Allianz tëscht der Kierch an der staatlecher Autoritéit ugefaangen. D'Kierch huet d'absolut Herrschaft legitiméiert an d'Ierfolleg mat der Ideologie vun der Herrschaft de droit divin. Am Géigenzuch huet sech d'Kierch selwer doduerch eng privilegéiert Plaz a Partizipatioun un der Muecht geséchert, déi si an de meeschte Länner bis zu der Zäit vun der Franséischer Revolutioun behale konnt.
Europa gëtt am Mëttelalter gréisstendeels vun Ierfmonarchië beherrscht: de Monarch steet do un der Spëtzt vu méi oder manner homogenen Herrschaftsgebidder, déi als Lehen u seng Gefollegsleit vergi goufen. Dëse Feudalsystem stellt d'Grondlag fir d'Administratioun an d'Militärwiesen an de beherrschte Gebidder, huet awer ënnert dem Usproch vun de Lehnsleit gelidden, selwer iwwert d'Ierffolleg vun hire Gebidder ze decidéieren. Domadder huet den europäesche Monarch faktesch ëmmer weider u Muecht verluer, zu Gonschte vum feudalen Adel.
[Änneren] Forme vun der Monarchie
Wéi de moderne Staat entstanen ass, hunn sech am Europa vun der Neizäit dräi Forme vun der Monarchie erausgebild:
[Änneren] Absolut Monarchie
An dëser Form huet de Monarch den Usproch op déi alleng Staatsgewalt; den Adel verléiert seng Positioun am Feudalsystem am Tosch géint d'Privilegien am Staats- a Militärwiesen. De Monarch ass legibus absolutus (lat. vun de Gesetzer lassgeléist), wat bedeit, datt hien de Gesetzer, déi hie selwer opsetzt, net ënnersteet. Dat bekannteste Beispill fir den Usproch op eng absolut Herrschaft vum Monarch ass de Sonnekinnek Louis XIV., och wann et scho virun him ähnlech Tendenze ginn huet. Den absolute Muechtusproch ass awer op Dauer net géint den Adel an d'Biergertum duerchzesetzen; do, wou d'Monarchie iwwerlieft huet, huet si Elementer vun der Republik oder Demokratie ugeholl.
[Änneren] Konstitutionell Monarchie
An enger konstitutioneller Monarchie ass d'Muecht vum Monarch net méi absolut, mee vun enger Konstitutioun geregelt. D'Regierung gëtt awer weiderhi vum Monarch an net vun enger Volleksvertriedung bestëmmt. E Beispill heifir ass dat Däitscht Keeserräich vun 1871 bis 1918. D'Fürstentum Liechtenstein dogéint ass eng konstitutionell Ierfmonarchie op demokratesch-parlamentarescher Grondlag, wou d'Regierung vum Parlament (Landtag) bestëmmt a just vum Fürst ernannt gëtt. Kuckt och den Haaptartikel Konstitutionell Monarchie
[Änneren] Parlamentaresch Monarchie
D'parlamentaresch Monarchie ass eng Ënnerform vun der konstitutioneller Monarchie, wou de Monarch mat wéinegen Ausname keen Undeel un de Staatsgeschäfter méi huet. Dës gi vum Parlament an der Regierung ausgefouert. De Monarch huet gréisstendeels just representativ Aufgaben. An Europa ass dës Staatsform an der Belsch, Dänemark, Lëtzebuerg, Norwegen, Holland, Schweden a Spuenien vertrueden, baussent Europa zum Beispill Japan.
[Änneren] D'Monarchieformen haut
Mam Stand 2006 gëtt et
1 Keeserräich:
34 Kinnekräicher:
- Bahrain
- Belsch
- Bhutan
- Dänemark
- Jordanien
- Kambodscha
- Lesotho
- Malaysia (offiziellen Titel Yang di-Pertuan Agong, lëtz.: Ieweschten Herrscher)
- Marokko
- Nepal
- Holland
- Norwegen
- Saudi-Arabien
- Schweden
- Spuenien
- Swasiland
- Thailand
- Tonga
- Vereenegt Kinnekräich an d'Membere vum Commonwealth
1 Groussherzogtum:
1 Herzogtum:
- Normandie: nom Verloscht vum Kontinentalbesëtz nëmmen nach d'Kanalinselen als Krounbesëtz a Personalunioun mat dem Vereenegte Kinnekräich; d'Kanalinselen zerfalen an déi zwou Vogteie Guernsey an Jersey, déi och de Lehnsstaat Sark matëmfaassen
3 Fürstentümer:
1 Herrschaftsstaat:
- Isle of Man (offiziellen Titel: Lord of Mann an Personalunioun mam Vereenegte Kinnekräich)
2 Sultanater:
- Oman
- Brunei
9 Scheichtümer (Emirater):
- Katar
- Kuwait
- Vereenegt Arabesch Emirater
1 Häuptlingsstaat:
- Samoa (traditionellen Titel: O le Ao o le Malo)
1 souverän territorial Basis vum Hellege Stull:
[Änneren] Um Spaweck
[Änneren] Kinnekshaiser
- (fr) Belsch Monarchie
- (dk) Dänesch Monarchie
- (en) Groussbritannien an Nordirland
- (jp) Japan
- (nl) Holland
- (no) Norwegen
- (se) Schweden
- (es) Spuenien