Eugène Ruppert
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Eugène Ruppert (* 21. Mäerz 1864 an der Stad Lëtzebuerg, + 3. November 1930), war e lëtzebuergeschen Ingenieur, deen als ee vun deenen éischte westlechen Ingenieuren a China modern Schmelzen opgeriicht huet.
Hien huet nun 1886 bis 1890 zu Oochen op der Technescher Universitéit Metallurgie studéiert. Tëscht 1891 an 1893 war hie Chemiker, dono Directeur-adjoint vun enger Schmelz zu Duisburg. Vun 1894 bis 1898 war hien den techneschen Direkter vun enger Schmelz zu Hanyang (China), déi der belscher Cockerill gehéiert huet. 1901 - 1902 huet hie Rapporten iwwer Äerzvirkommnësser a Japan gemaach. Du koum hie fir ee Joer zeréck an Europa a gouf Direkter vun engem Héichuewebetrib zu Dortmund. Schonn d'Joer drop war en nees zu Hanyang, wou en Techschnesche Generaldirekter war. 1912 ass en aus gesondheetleche Grënn op Lëtzebuerg hanneschtkomm. Vun 1920 bis 1934 huet en do als onofhängegen Ingenieur e Bureau d'études gefouert.
Iwwert seng Zäit a China huet den Eugène Ruppert 1903 e Buch geschriwwen; Reise um die Welt mit mehrjährigem Aufenthalt in China und Japan. Vun de Staadter gouf en dacks "de Chinees" genannt. Seng Sammlung vun asiatesche Medailen a Mënzen gouf 1981 am Staatsmusée ausgestallt.
A sengem Haus um Lampertsbierg huet spéider de Pierre Werner gewunnt, haut ass do déi tschechesch Ambassade dran.
[Änneren] Literatur
- Philippart, Robert L.: L'activité industrielle d'Eugène Ruppert en Chine. Imprimerie Saint-Paul, 1986.