Ferdinand Gremling
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Ferdinand Gremling (* 18. Oktober 1901 zu Holz, † 9. September 1970) war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
De Ferd Gremling, als aachte vun zéng Kanner zu Holtz gebuer, gëtt 1922 Schoulmeeschter zu Kéiber, duerno, vun 1930 un zu Hoen a schliisslech, vun 1935 bis 1961 zu Rodange.
Nieft der Schoulmeeschterei war de Ferd Gremling e begeeschterte Beiemann; hien huet fir de Beienziichterverband uechtert d'Land Konferenze gehalen. Mee hien huet och gär geschriwwen: fir d'éischt emol eng ganz Rëtsch Gedichter, virun allem iwwert d'Landliewen, mee och e Roman op Lëtzebuergesch: Dohêm. Roman aus dem E'sleck, deen 1948 erauskoum. Vun him ass och eng Geschicht vun der Por Rodange.
De Ferd Gremling war 1951 Grënnungsmember vum Veräin "Eis Sprooch", fir deem seng Zäitschrëft hie regelméisseg geschriwwen huet; hie war och Member vun der linguistesch-folkloristescher an der Konscht- a Literatursectioun vum Institut Grand-Ducal an huet um Lëtzebuerger Dictionnaire matgeschafft.