Fernande Marx
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Fernande Marx gebuer Vasilescu, de 7. Abrëll 1908 zu Ploesti (Rumänien), bestued mam Dr. Charles Marx de 16. Mee 1938, gestuerwen den 13. Juni 1946 bei engem Autosaccident zu La Ferté-sous-Jouarre (Meaux), war eng lëtzebuergesch Fraerechtlerin.
D'Fernande Marx war Matbegrënnerin vun der UFL Union des Femmes Luxembourgoises. Si huet d'UFL och um 1. Weltkongress vun der Union Internationale Démocratique des Femmes vertrueden wou si als permanent Delegéiert fir Lëtzebuerg am Comité Mondial des Femmes gewielt gouf.