Fokker 50
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Fokker 50 ass, och wann en der Fokker F-27 Friendship gläicht, en nei entwéckelte Fliger vum Fligerkonstrukteur Fokker. Nëmmen e puer Deeler goufe vum Virgänger Modell iwwerholl. Hiren éischte Fluch huet d’Fokker 50 1985 gemeet. Dono war dëse Modell vu Fliger e komerziellen Erfolleg. Eng gutt Partie europäesch Fluchgesellschafte setzen d’Fokker 50 op Regional-Flich an.
D’Fokker 50 gëtt vun zwee Turboprop-Propeller-Dreifwierker ugedriwwen. E bësse méi wéi 50 Persounen hunn an der Passagéierkabinn Plaz fonnt.
Nach haut gëtt d’Fokker 50 bei ville Regional-Airlines agesat. Och déi grouss Fluchgesellschafte wéi Lufthansa an KLM notzen dëse Figer haut nach, gréisstefalls awer iwwer Duechtergesellschaften, déi de Regionalverkéier ofwéckelen. D’Produktioun vun der Fokker 50 gouf 1996 wéint der Faillite vun de Fokker-Wierker gestoppt. Mindestens eng Fokker 50 wärt der Nowelt awer erhale bleiwen: De Prototyp vun der Fokker 50 mam Kennzeechen PH-OSI steet am Aviodrome Musée beim hollännesche Fluchhafen Lelystad.