Géigepoopst
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Géigepoopst (pseudopapa, antipapa) gëtt e Poopst bezeechentt, wann en zu Liewzäiten vun engem kanonesch gewielten (a net zeréckgetruedenen) Poopst installéiert gouf. Zur Opstellung vun Géigepeepst ass et komm, well sech z.B. de Kardinolskollegium gespléckt hat, oder de Keeser bzw. réimesch aristokratesch Famillen an d’ Poopstwahl agegraff haten. Wéinst ënnerschidlecher Opzielung a verschiddene Standpunkten an deene zum Deel chaotische Poopstwahlen ass déi wirklech Zuel vun de Géigepeepst schwéier festzestellen. Et sinn der zwëschen 25 a 40.
Bei verschidde Peepst ass et souwisou schwéier festzestellen, ob si rechtméissig oder onrechtméissig am Amt waren. D’Grënn heifir sinn ënner anerem d’Onméiglechkeet fir nach Ënnerlagen ze fannen an d’Ëmstänn vun de respektive Poopstwahlen, déi net méi nozevollzéie sinn. Als éischte Géigepoopst gëlt den Hippolyt (217 – 235) an als leschten de Felix V. (1439 – 1449).
Och de Jean-Paul II. gouf a senger Amtszäit vu verschiddene sedisvakantistesche Gruppéierungen ofgelehnt, déi selwer den Usproch erhuewen hunn, de rechtméissige Poopst ze sinn, wéi z.B. de Clemente Domínguez y Gómez (als Gregor XVII.; † 22. März 2005), den David Allen Bawden (als Michael I.) oder de Lucian Pulvermacher (als Pius XIII.). Allerdéngs hunn dës sech vun den historesche Géigepeepst doduerch ënnerscheed, datt si keng Ënnerstëtzung vun der kierchliecher Hierarchie genoss hunn an nëmmen e puer Dausend Unhänger mat staark regionaler Begrenzung haaten.