New Immissions/Updates:
boundless - educate - edutalab - empatico - es-ebooks - es16 - fr16 - fsfiles - hesperian - solidaria - wikipediaforschools
- wikipediaforschoolses - wikipediaforschoolsfr - wikipediaforschoolspt - worldmap -

See also: Liber Liber - Libro Parlato - Liber Musica  - Manuzio -  Liber Liber ISO Files - Alphabetical Order - Multivolume ZIP Complete Archive - PDF Files - OGG Music Files -

PROJECT GUTENBERG HTML: Volume I - Volume II - Volume III - Volume IV - Volume V - Volume VI - Volume VII - Volume VIII - Volume IX

Ascolta ""Volevo solo fare un audiolibro"" su Spreaker.
CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Geschicht vu Versailles - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Geschicht vu Versailles

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Versailles gouf fir d'éischte Kéier am Joer 1038 ernimmt. E gewëssen Hugues vu Versailles gëtt an enger Chart vun der Abtei Saint-Pair vu Chartres genannt an wär domadder den éischte bekannten Här vu Versailles.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Mëttelalter a Fréi Neizäit

De Saint Louis
De Saint Louis

Am Feudalsystem vum mëttelalterleche Frankräich stoungen d'Häre vu Versailles direkt ënnert dem Kinnek, ouni Intermediaire tëscht hinnen an dem Kinnek. Si haten awer keen immens wichtege Rang. Um Enn vum 11. Joerhonnert huet sech dat éischt Duerf ronderëm e mëttelalterlecht Herrscherhaus an d'Kierch Saint-Julien opgebaut. D'Par Saint-Julien vu Versailles gëtt an enger Chart aus dem Joer 1084 ernimmt. Seng landwirtschaftlech Aktivitéit an d'Lag op der Strooss vu Paräis op Dreux an an d'Normandie hunn dem Duerf Räichtum bruecht, virun allem am 12. Joerhonnert, dem « Siècle de saint Louis », enger Period vu Wuelstand am Norde vu Frankräich wou och vill gotesch Kathedrale gebaut goufen. Am 14. Joerhonnert koum d'Pescht op Versailles, an och de Krich huet seng Affer gefuerdert. Nom Enn vum Honnertjärege Krich am 15. Joerhonnert gouf d'Duerf lues a lues nees opgebaut, an hat knapp 100 Awunner.

Am 14. Joerhonnert war e gewësse Gilles vu Versailles Landvogt vum Kinnek.

Am Joer 1561 gouf de Martial de Loménie, Finanzsekretär vum Kinnek Charles IX., eenzegen Här vu Versailles. Hie krut d'Autorisatioun fir véier mol am Joer eng Foire z'organiséieren an all Donneschden e Maart. D'Bevëlkerung vu Versailles war an deem Moment op 500 eropgeklommen. De Martial de Loménie koum an der Nuecht vun der Saint-Barthélémy de 24. August 1752 ëm d'Liewen an huet nëmme mannerjäreg Kanner hannerlooss.

Am Joer 1575 huet den Albert de Gondi, Herzog vu Retz an eigentlech aus Florenz, dee mat der Katharina vu Medici a Frankräich komm war d'Land vu Versailles opkaf. Lo huet Versailles der Famille vu Gondi gehéiert, räich Parlamentarier déi vill Afloss am Paräisser Parlament haten. Den Enkel vum Albert, den Henry de Gondi dee Kardinol gouf huet e puer Kéieren de Kinnek Henri IV. a sengem Herrschaftshaus zu Versailles empfaangen. An de 1610er Joren huet d'Famill och méi wéi eng Kéier de jonke Louis XIII. fir d'Juegd op Besuch gehat.

[Änneren] Louis XIII.

Am Joer 1622 huet de Kinnek Louis XIII. eng Parzell am Bësch vu Versailles fir seng privat Juegd kaf. Spéider, am Joer 1624 huet hie weider Lännereien opkaf an huet säin Architekt Philibert Le Roy beoptragt, him e klenge Juegdpavillon ze bauen, aus deem seng Lieblingsplaz fir d'Juegd gouf. An dësem modeste Schlass koum et den 11. November 1630 zu der sougenannter « Journée des dupes », wou d'Kinnigin-Mamm hir Muecht verluer huet, an de Richelieu a senge Funktiounen als Premier Minister bestätegt gouf.

1632 huet de Kinnek vum Jean-François de Gondi, Äerzbëschof vu Paräis a leschten Här vu Versailles d'Lännereie ganz opkaf, fir eng Zomm vu 70.000 Livres. D'Schlass gouf an de Joren 1632 bis 1634 vergréissert an ëmgebaut, d'Aarbechte vum Philibert Le Roy goufe vu Jacques Boyceau a Jacques de Menours fäerdeggestallt. Beim Doud vum Louis XIII. hunn am Duerf ëm déi 1000 Leit gewunnt. Säi Nofolger, de Louis XIV. hat nëmme fënnef Joer.

[Änneren] Louis XIV.

Eréischt 20 Joer méi spéit, am Joer 1661 wou dem Louis XIV. seng eegen Herrschaft ugaangen ass, interesséiert sech de jonke Kinnek fir Versailles. D'Iddi fir vu Paräis fortzegoen hat hien zënter den Erfahrunge vun der Fronde am Hannerkapp. De Louis XIV. huet säin Architekt Le Vau an de Landschaftsarchitekt Le Nôtre beoptragt, d'Schlass vu sengem Papp auszebauen, genee wéi e Park, fir datt hien hei den Haff kéint empfänken. 1678, nom Traité vu Nimwegen huet de Kinnek decidéiert, mam ganzen Haff definitif op Versailles ze plënneren, wat de 6. Mee 1682 geschitt ass.

De Louis XIV. als klengt Kand
De Louis XIV. als klengt Kand

Zimlech séier gouf aus dem klengen Haus um Land e prestigiéist Schlass mat engem immense Gaart ronderëm. Versailles gouf zum Symbol vum Absolutismus.

Zu selwechter Zäit wor zu Versailles eng nei Stad enstanen, nodeems de Louis XIV. an engem Dekret vum 22. Mee 1671 festgehalen hat, dass jiddfereen dee wéilt, gratis eng Parzell Terrain an der neier Stad kéint kréien. Dësen Terrain krut een ënner zwou Konditiounen: 1- eng symbolesch Steier vu 5 Sols/Arpent huet missen all Joer bezuelt ginn an 2- en Haus huet missen op der Parzell gebaut ginn, an zwar streng no de Pläng a Modeller vum Surintendant des bâtiments du Roi. Dës Pläng hunn eng symetresch Stad par rapport zu der Avenue de Paris (déi beim Schlass lassgeet) firgesinn. D'Diecher vun dëse Gebaier hunn net dierfte méi héich wéi d'Cour de marbre virum Schlass sinn, fir d'Vue net ze zerstéieren. Dat aalt Duerf an d'Kierch Saint-Julien goufen zerstéiert fir Plaz fir déi nei Gebaier ze maachen. Versailles wor wärend laange Joren en eenzege Schantjen.

D'Waasserversuergung vun der Stad a vum Schlass gouf séier zu engem Problem, et gouf kee wierkleche Waasserlaf. 1687 gouf d'Maschinn vu Marly a Betrib geholl, fir Waasser vun der Seine op Versailles ze kréien.

Lues a lues sinn ëmmer méi Leit op Versailles komm, déi no bei der politescher Muecht wunne wollten, oder duerch berufflech Obligatioune keng aner Méiglechkeet haten. Beim Doud vum Sonnekinnek war aus dem klengen Duerf eng Stad vun ongeféier 30.000 Leit ginn.

[Änneren] Louis XV. a Louis XVI.

Wärend der Régence vum Herzog vun Orléans hat den Haff Versailles fir Paräis verlooss. Wéi de Kinnek Louis XV. 1722 nees op Versailles zeréckgaangen ass, huet d'Stad ëm déi 24.000 Awunner gezielt. Ënnert dem Louis XV. ass Versailles weider gewuess. Si wor quasi d'Haaptstad (och wa Paräis d'offiziell Haaptstad bliwwen ass) vum räichste Land vu ganz Europa, an all Mënsch huet d'Architektur an d'Tendenze vu Versailles bewonnert. Zimlech séier goufen déi strikt Regele vum Louis XIV. net méi respektéiert, d'Immobiliespekulatioun war e lukatrivt Geschäft an d'Terrainsen, déi ënnert dem Louis XIV. nach gratis verdeelt gi waren, goufe lo héich gehandelt. 1744 huet d'Stad 37.000 Awunner gezielt.

D'Bild vun der Stad huet sech ënnert de Kinneke Louis XV. a Louis XVI. staark verännert. D'Gebaier goufe vill méi héich gebaut. De Louis XV. huet de Krichs-, den Aussen- an de Ministär vun der Marine baue gelooss. 1789 hu 50.000 Leit zu Versailles gewunnt an domadder war Versailles eng vun de gréisste Stied vu ganz Frankräich.

Den 19. September 1783 hunn d'Bridder Montgolfier eng Montgolfière virum Kinnek Louis XVI. an enger Onmass vu Leit op der Place d'Armes fortfléie gelooss. De Ballong huet e Wee vun 3,5 km hannert sech bruecht.

[Änneren] Franséisch Revolutioun

Versailles am Joer 1789
Versailles am Joer 1789

Als Sëtz vun der politescher Muecht wor Versailles och d'Wéi vun der Franséischer Revolutioun. D'Generalstänn hunn sech de 5. Mee 1789 zu Versailles zesummefonnt. D'Membere vum Drëtte Stand hunn d'Salle du jeu de paume den 20. Juni 1789 blockéiert an d'Assemblée constituante huet de Feudalismus de 4. August 1789 ofgeschaf. Schlussendlech woren de 5. a 6. Oktober 1789 eng grouss Mass vu Leit vu Paräis op Versailles gaangen, fir de Kinnek sichen ze kommen, an hien op Paräis ze bréngen. D'Assemblée ass kuerz duerno matgeplënnert an déi grouss Roll vu Versailles als Muechtsëtz war eriwwer.

Versailles huet duerno eng gutt Partie vu sengen Awunner verluer. 1824 wor d'Bevëlkerung op 28.000 zeréckgaangen. D'Schlass, wat wärend der Revolutioun geplëmmt gi war, gouf einfach lénks leie gelooss. Den Napoléon huet och nëmmen eng Nuecht do verbruecht.

[Änneren] 19. Joerhonnert

1815 war d'Stad vu preiseschen Truppe besat.

De Kinnek Louis-Philippe huet d'Schlass virum komplette Ruin gerett andeems en dorausser en nationale Musée am Joer 1837 gemaach huet. Et wor e Pilgeruert fir d'Nostalgiker vun der Monarchie.

Am Franséisch-däitsche Krich vun 1870 gouf Versailles vun de Preise besat, déi hei hire Quartier général vu September 1870 bis 12. Mäerz 1871 opgeschloen haten.

Proklamatioun vum Däitsche Keeserräich
Proklamatioun vum Däitsche Keeserräich

Den 18. Januar 1871 hunn déi Däitsch de Kinnek vu Preisen zum Keeser Wilhelm I. an der Galerie des glaces am Schlass vu Versailles ausgeruff, eng Zort Revanche fir d'Eruewerunge vum Louis XIV.

Am Mäerz vum selwechte Joer, nom Opstand vun der Commune vu Paräis, huet sech de franséische Gouvernement ënnert dem Adolphe Thiers zu Versailles verstoppt a vun do aus d'militäresch Repressioun géint den Opstand organiséiert. De Gouvernement an d'Parlament sinn och nom Opstand zu Versailles bliwwen, an et gouf eng Zäitchen driwwer nogeduecht, op een net definitiv aus Versailles d'Haaptstad sollt maachen, fir d'revolutionnärt Klima vu Paräis z'ëmgoen. 1873 koum et bal zu enger Restauratioun vun der Monarchie. Versailles wor op en Neits Zentrum vun der franséischer Politik. Wéi awer d'Lénks-Republikaner bei de Wahle gewonnen haten, woren d'Monarchiste geschloen, an déi nei Majoritéit huet 1879 decidéiert, de Gouvernement nees op Paräis ze huelen. Duerno huet Versailles ni méi eng Roll als franséisch Haaptstad gespillt, mee duerch d'Präsenz vum Parlament an den 1870er Joren huet e groussen Hemicycle an engem Fligel vum Palais hannerlooss, deen haut nach benotzt gëtt, wann d'franséischt Parlament iwwert d'Verfaassung ofstëmmt. De 16. Dezember 1873 gouf d'École nationale supérieure d'horticulture am Geméisgaart vum Kinnek installéiert, an am Joer 1876 gouf d'Compagnie des tramways de Versailles gegrënnt.

[Änneren] 20. Joerhonnert

Et huet bis am Joer 1901 gedauert, bis Versailles nees seng Bevëlkerungszuel vun 1790 erreeche konnt, mat 54.982 bei der Vollekszielung vun 1901.

1919, nom Éischte Weltkrich goufen zu Versailles déi verschidden Friddensverträg ënnerschriwwen, ënner anerem de berühmten Traité vu Versailles deen den 28. Juni an der Galerie des Glaces am Schlass vu Versailles ënnerschriwwe gouf.

No 1919, mat dem Wuesstum vun der Paräisser Banlieue huet och Versailles e wirtschaftlechen an demographeschen Opschwong erlieft. D'Stad huet zu der urbaner Zon vu Paräis gezielt. 1932 gouf d'Gare vu Versailles-Chantiers vum Raoul Dautry ageweit.

Am Zweete Weltkrich wor Versailles vum 14. Juni 1940 bis zum 24. August 1944 vun den däitschen Truppe besat. De 27. August 1941 huet de jonke Paul Collette versicht, de Pierre Laval an de Marcel Déat ëmzebréngen. Dëst Evenement hat awer keng politesch Konsequenzen. Virun allem am Februar a Juni 1944 koum et zu schlëmme Bombardementer déi iwwer 300 Affer gefuerdert hunn.

D'Roll vu Versailles als administratifen Zentrum gouf an de 60er a 70er Joere verstäerkt, an d'Stad gouf zum Zentrum vun der westlecher Banlieue vu Paräis.

Den Zentrum vun der Stad huet eng bierglecher Atmosphär behalen, an d'Faubourgs, éischter fir d'Mëttelklass, hunn sech ronderem d'Gare an d'Stad entwéckelt. Versailles ass eng vun de méi chice Banlieue vu Paräis, an ass haut duerch verschidden Zuchslinne gutt mat der Haaptstad verbonnen. D'Stad bleift awer a Kompartimenter ënnerdeelt, an ass duerch déi grouss Avenuen aus der Zäit vun der Monarchie gespléckt. Versailles war ni eng industriell Stad, och wann ee vereenzelt Betriber mat chemeschen a landwirtschaftlechen Aktivitéite fënnt. Versailles ass virun allem eng Plaz vun Zervisser: Administratiounen, Tourismus, Geschäfter, Kongresser a Festivaller.

De grousse Stuerm vum 26. Dezember 1999 huet vill Planzen am Park futti gemaach, mee huet awer zu gläicher Zäit erlaabt, e grousse Programm ze starten, fir de Park nees sou hirzestellen - mat de selwechte Blummen a Beem - deen en deemools zu Zäite vun der Monarchie hat.

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu