Guillaume vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Guillaume Jean Joseph Marie (*11. November 1981) ass den 18. Dezember 2000 offiziell zum Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg ernannt ginn.
Hien ass den eelste Jong vum Groussherzog Henri vu Lëtzebuerg an der Groussherzogin Maria Teresa.
Hien ass am Lycée Robert-Schuman an der Stad Lëtzebuerg an an de Schwäizer Pensionate Beau Soleil an Institut Le Rosey an de Lycée gaangen an huet dono op der Royal Military Academy Sandhurst, Camberley, England eng Miltärausbildung gemaach. Seng Geschichts- a Politologiestudien op der Universitéit vun Durham huet en net ofgeschloss.
Wéi säi Papp, wéi deen Ierfgroussherzog war, ass hien Éierepresident vum Board of Economic Development (zënter Ufank 2001) a Member vum Staatsrot (zënter dem 24. Juni 2005).