Henri vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Henri vu Lëtzebuerg 16. Abrëll 1955 – - |
||||||
Groussherzog vu Lëtzebuerg | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
Den Henri Albert Gabriel Félix Marie Guillaume vu Lëtzebuerg gebuer de 16. Abrëll 1955 um Schlass zu Betzder, ass de Groussherzog vu Lëtzebuerg. Hien ass dee sechste Lëtzebuerger Staatschef aus der Dynastie vun Nassau-Weilburg.
Säi vollstännegen Titel ass "Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, Prënz vu Bourbon-Parma, Grof vu Sayn, Königstein, Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein".
[Änneren] Säi Liewen
De Prënz Henri ass um Schlass zu Betzder als eelste Jong vun der deemools ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Jean an dem Joséphine-Charlotte vu Lëtzebuerg, gebuer. Hie geet zu Lëtzebuerg an a Frankräich an d'Schoul.
1973, wou e groussjäreg gouf, kritt hien den Titel Ierfgroussherzog. 1974 geet hien op d'Militärakademie vu Sandhurst, wou en 1975 Offizéier gëtt. An der Lëtzebuerger Arméi dréit hien den Titel Colonel. Dono studéiert en op der Universitéit vu Genf Politikwëssenschaften, a schléisst dës Studien 1980 mat enger Licence of.
De 14. Februar 1981 bestued hien d'Maria Teresa Mestre, déi en do kennegeléiert hat. Zesummen hu se fënnef Kanner.
Den Henri ass Dokter Honoris Causa vun der Sacred Heart University vu Fairfield, Connecticut (USA), vun der Miami University, Oxford, Ohio (USA), vun der Universitéit vu Khon Kaen (Thailand) a vun der Universitéit vun Tréier.
Vun 1980 bis 1998 war hie Member vum Staatsrot.
De 4. Mäerz 1998 gëtt hien, geméiss dem Artikel 43 vun der Lëtzebuerger Constitutioun vu sengem Papp zum "Lieutenant-Représentant" ernannt.
De 7. Oktober 2000 ass säi Papp Jean fräiwëlleg als Groussherzog zeréckgetrueden, an den Henri gouf als Groussherzog vereedegt.
[Änneren] Kanner
- Ierfgroussherzog Guillaume Jean Joseph Marie (* 11. November 1981).
- Felix Léopold Marie Guillaume (* 3. Juni 1984)
- Louis Xavier Marie Guillaume (* 3. August 1986)
- Alexandra Joséphine Teresa Charlotte Marie Wilhelmine (* 16. Februar 1991)
- Sébastien Henri Marie Guillaume (* 16. Abrëll 1992)
[Änneren] Enkelkanner
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Politesche System vu Lëtzebuerg
- Groussherzog
[Änneren] Um Spaweck
Virgänger: Jean |
Groussherzog vu Lëtzebuerg 2000- |
Nofolger: - |