Hubert Loutsch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Hubert Loutsch gebuer de 6. November 1878 zu Monnerech, a gestuerwen de 24. Oktober 1946 zu Bréissel, war e lëtzebuergesche Politiker.
Den Hubert Loutsch war vu Beruff Affekot. De 6. November 1915 gouf hie Staatsminister a Regierungspresident, an och Generaldirekter (d.h. Minister) fir Aussebezéiungen. D'Regierung Loutsch bestung nëmmen aus Membere vun der Rietspartei, an der Chamber awer waren d'Gauche an der Majoritéit. Doropshin huet d'Groussherzogin Marie-Adélaïde d'Chamber kuerzerhand den 23. Dezember 1915 opgeléist. Mee och an deer neier Chamber hat d'Rietspartei keng Majoritéit. Den 11. Januar 1916 gouf d'Regierung vum Loutsch bei enger Vertrauensofstëmmung desavouéiet; de Victor Thorn gouf de 24. Februar 1916 säi Nofolger.
Vun 1920 bis 1934 war hie President vun der Assurancegesellschaft La Luxembourgeoise. Vun 1925 bis 1934 war hien Deputéierte vun der Union nationale indépendante an der Chamber.
Hien ass 1946 zu Bréissel gestuerwen.