6. November
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 6. November ass den 310. Dag (311. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Okt – November – Dez | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
[Änneren] Europa
- 1880: De franséischen Dokter Charles Laveran entdeckt den Malaria-Virus.
- 1921: D'ungarësch Nationalversammlung déklaréiert offziell datt d'Habsburger enttrount sinn. Den István Bethlen gëtt Premier.
- 2003: De Päischtméindeg gëtt a Frankräich als Feierdag gestrach. Mat dem zousätzleche Schaffdag gëtt e Solidaritéitsfond fir al Leit a Behënnerter finanzéiert.
[Änneren] Lëtzebuerg
- 1919: D'Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg bestid sech matt hirem Koséng, dem Prënz Felix.
- 1977: 4.000 Leit démonstréieren zu Diddeleng fir d'Erhale vun den Aarbechtsplazen an der Forge du Sud.
- 2002: De Fluch 9642 vun der Luxair verongléckt bei Nidderaanwen, 20 Leit kommen ëm d'Liewen.
[Änneren] Afrika
- 1913: Fir géint d'Politik vun der Rassentrennung an der Südafrikanescher Unioun ze protestéieren, passéieren, ënnert der Féierung vum Mahatma Gandhi, 2.200 Awanderer vun indeschen Originen déi fir si gespaarte Grenz tëschent de Provënzen Natal an Transvaal.
- 1975: Ongeféier 350.000 Marokkaner besetzen déi spuenesch Kolonie West-Sahara fir de marokkaneschen Usproch op d'Régioun ze manifestéieren.
[Änneren] Amerika
- 1813: No der Rebellioun vun indianeschen Onofhängegkeetskämpfer gëtt d'Onofhängegkeet vu Mexiko ausgeruff. D'Revolutioun brecht 1815 zësummen.
[Änneren] Arabesch Welt
- 1979: Den iranesche Premier Mehdi Basargan gëtt op, genausou wéi all seng Ministeren, an dat fir dem Revolutiounsrot Plaz ze maachen.
[Änneren] Gebuer
- 1661: Carlos II. vu Spuenien.
- 1814: Adolphe Sax, belsche Museksinstrumentebauer, Erfinder vum Saxophon.
- 1878: Hubert Loutsch, lëtzebuergesche Politiker.
- 1880: Robert Musil, éisträichesche Schrëftsteller.
- 1970: Ethan Hawke, amerikanesche Schauspiller.
- 1982: Marc Oberweis, lëtzebuergesche Foussballspiller.
[Änneren] Gestuerwen
- 1951: Thomas Francis Kiely, iresche Liichtathlet.
- 1989: Margarete Buber-Neumann, däitsch Publizistin a Schrëftstellerin.
- 1998: Niklas Luhmann, däitsche Soziolog.
- 2002: Michel Majerus, lëtzebuergesche Kënschtler.
[Änneren] Feierdeeg
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |