Hyazinthen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
Eng Gaardenhyazinth: Lady Derby | |||||
|
|||||
Räich : | Planzeräich | ||||
Ënnerräich : | Gefässplanzen | ||||
Iwwerofdeelung : | Somplanzen | ||||
Ofdeelung : | Bléieplanzen | ||||
Klass : | Liliopsida | ||||
Ënnerklass : | Liliidae | ||||
Uerdnung : | Asparagales | ||||
Famill : | Hyazinthplanzen | ||||
Gattung : | Hyazinthen | ||||
|
|||||
L. |
|||||
|
|||||
|
D'Hyazinthen (Hyacinthus) sinn eng Planzegattung aus der Famill vun den Hyazinthplanzen (Hyacinthaceae).
D'Hyazinte sinn Ënneplanzen a si komme vun Natur aus haaptsächlech Zentral- a Westasien vir. Do fënnt en se op fielsechen e kallekhaltegen Hänk. Si kënne bis op enger Héicht vun 2600 m wuessen. Si si beléift wéinst hirem pronocéierte Parfum a hirer schéiner Bléi an Drauweform.
Hir Blieder si 15 bis 35 cm laang.
Et gëtt dräi Aarten
- Hyacinthus amethistinus oder Brimeura amethistina
- Hyacinthus azureus oder Muscari azureum
- Hyacinthus orientalis : Gaardenhyazinth
An der Natur kënnt d'Gardenhyazinth an der Mëtteltierkei, Syrien an am Libanon vir. Déi geziichten Zorten, ongeféier 30, stamen alleguer vun der Gaardenhyazinth af.
Déi bekanntesten Zorte sinn:
- Amethist: lila bis violett, staarke Parfum
- Amsterdam: rosa bis rout
- Anna Liza: hell purpur mat méi donkle Purpursträifen
- Ostara: blo-violett
- Delft Blue
- King Kodro: blo mat duebele Bléien
- Maria Christina: abrikosefuerweg
- Woodstock: rout-brong
D' Hyacinthus romanus déi och zu den Hyazinthplanze gehéiert, ass aus der Gattung Bellevalia a kënnt haaptsächlech am Mëttelmierraum, am Süde vu Frankräich an a Griicheland vir.