Italienesch Kricher
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Italienesch Kricher waren eng Rei vu Konflikter vu 1494 bis 1559, déi sech zum gréissten Deel um Gebitt vum heitegen Italien ofgespillt hunn. Nierwt alle gréisseren europäesche Staate waren och bal all italienesch Staaten an esouguer d'Osmanescht Räich dorunner bedeelegt. An Allianzen, déi ëmmer nees gewiesselt hunn, goufen zimlech ënnerschiddlech Krichsziler verfolleg. Zu de Kricher koum ët duerch en dynastesche Konflikt ëm d'Kinnekräich Neapel, deen an engem europäesche Muechtkampf tëscht dem franséische Kinnekshaus Valois an den Habsburger eskaléiert ass. D'Kricher si 1559 mam Fridde vu Cateau-Cambrésis zugonschte vu Spuenien op en Enn gaangen.
- Avant que Charles, roi de France, ne passât en Italie, cette province était sous l'empire du pape, des Vénitiens, du roi de Naples, du duc de Milan et des Florentins. Ces potentats devaient avoir deux soucis principaux: l'un, qu'un étranger n'entrât pas en armes en Italie, l'autre, qu'aucun d'entre eux n'agrandît son état. Ceux dont on se souciait le plus étaient le pape et les Vénitiens.1
D'Kinnekräich Italien, wat nom Enn vum Karolingesche Räich enstane war, ass schonn am 10. Joerhonnert ënnert d'Virherrschaft vum däitsche Keeser Otto I. geroden. An dësem däitsch-italienesche Groussräich hu sech de Poopst an de Keeser ëm d'Virherrschaft gestridden2. Dës Streidereien hunn an den italienesche Gemengen de Géigesaz tëscht Ghibellinen a Guelfen zur Folleg gehat. No an no hunn sech déi italienesch Stadstaate vun der Virherrschaft vum Hellege Réimesche Räich lassgerappt3, sinn duerno awer duerch Kämpf tëscht verschiddenen Adelsfamilljen ënner d'Herrschaft vun eenzelne Fürste geroden. Dës Fürsten hu versicht, hir Muecht an hiren Aflossberäich duerch Sëldnerarméieren (Condottieri) ze erweideren. Dës Entwécklung huet sech bis zum Fridde vu Lodi (1454) konsolidéiert, dee versicht huet, e Gläichgewiicht (wann och labil) tëscht den onofhängegen italienesche Staaten ze schafen.
Vun Norden no Süden huet sech Italien an der Renaissance folgendermoosse presentéiert :
- d'Herzogtum Savoie (Savoie a Piemont) ënnert dem Haus Savoie;
- d'Markgrofschaft Saluzzo;
- d'Markgrofschaft Montferrat ënnert de Palaiologen;
- d'Republik Genua mat Korsika ënnert de Visconti;
- d'Herzogtum Mailand ënnert de Sforza;
- d'Republik Venedeg ënnert den Dogen;
- d'Markgrofschaft Mantua ënnert de Gonzaga;
- d'Herzogtümer Ferrara a Modena ënnert den Este;
- d'Republik Lucca
- d'Republik Florenz ënnert de Medici;
- d'Republik Siena
- de Kierchestaat ënnert dem Poopst;
- d'Kinnekräich Neapel-Sizilien ënnert enger Nierwelinn vun Aragon.
[Änneren] Literatur zum Thema
- Thomas F. Arnold, Les guerres de la Renaissance XVe-XVIe siècles, Autrement, Paräis, 2002.
- Danielle Boillet a Marie-Françoise Piejus, Les guerres d'Italie: histoire, pratiques, représentations, CIRRI, Université de la Sorbonne Nouvelle, Paräis, 2002.
- Jean-Louis Fournel a Jean-Claude Zancarini, Les guerres d'Italie - Des batailles pour l'Europe (1494-1559), Gallimard, Paräis, 2003 (ISBN 2-07-053281-X)
- F.L. Taylor, The art of war in Italy (1494-1529), Cambridge, 1921.
[Änneren] Notizen a Referenzen
1: Machiavelli, Il Principe; Fournel & Zancarini, op.cit., S. 15.
2: Vgl. Investitursträit.
3: Vgl. Schluecht vu Legnano
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Italienesch Kricher – Biller, Videoen oder Audiodateien |