Fridde vu Cateau-Cambrésis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Fridde vu Cateau-Cambrésis gouf am Joer 1559 tëscht Frankräich an England (12. Mäerz an 2. Abrëll) respektiv Frankräich a Spuenien (3. Abrëll) ënnerschriwwen.
Den éischten Traité vu Cateau-Cambrésis tëscht dem Henri II. an der Elisabeth I. gouf an zwou Etappen ënnerschriwwen, den 12. Mäerz an den 2. Abrëll 1559. Den Traité huet Frankräich erlabt, Calais ze behalen, wat d'Fransousen den 8. Januar 1558 ënnert dem François de Guise vun den Englänner zeréckeruewert haten. Calais war zënter 1347 (Edward III.) englesch.
Den zweeten Traité vu Cateau-Cambrésis gouf den 3. Abrëll 1559 tëscht dem Henri II. an dem Felipe II. ënnerschriwwen, an huet de Sträit tëscht Habsburger a Valois ëm Italien op en Enn bruecht (Italienesch Kricher).
De Felipe II. konnt seng Territoiren an Italien souwéi säi Besëtz an der Bourgogne behalen. Frankräich huet missen op seng Krichsziler verzichten, an Diddenuewen, Uertschaften zu Lëtzebuerg, Marienburg, Yvoix, Damvilliers, Montmédy souwéi Gebidder am Artois an am Charolais u Spuenien zeréckginn.
Un d' Herzogtum Savoie huet Frankräich säi Besëtz, besonnesch d' Franche-Comté, de Bugey an d'Bresse missen zeréckginn, an de franséische Kinnek huet op all seng Uspréch an Italien verzicht. Frankräich konnt seng Trois évêchés, Metz, Toul a Verdun behalen. Ausserdem huet Frankräich Korsika nees missen u Genua zeréckginn. Spuenien war nees Meeschter iwwer Italien, och wa Frankräich fënnef Plazen, dorënner Turin, behale konnt.
Am Traité waren och Hochzäite virgesinn: de Felipe II. (Wittmann zënter dem Doud vun der Mary Tudor) mat der Élisabeth, Duechter vum Henri II., an dem Herzog vun der Savoie mat der Schwëster vum Henri II., der Marguerite.