James Watt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den James Watt, gebuer den 19. Januar 1736 zu Greenock/Strathclyde a gestuerwen den 19. August 1819 zu Heathfield/Birmingham, war e schotteschen Ingenieur an Erfinder.
Zesummen mat dem Matthew Boulton huet den James Watt, deen eng Ausbildung als Feinmechaniker hat, 1775 d'Grënnung vun enger Dampmaschinnefabrik zu Soho bei Birmingham preparéiert. An dëser Fabrik gouf déi zënter 1765 vum Watt weiderentwéckelt atmosphäresch Dampmaschinn vum Newcomen an ëmmer méi neie Versioune gebaut. Aplaz vum Atmosphärendrock huet den James Watt den Dampdrock genotzt. Hien huet mat Hëllef vun engem Kuerbel- a Schwongrad déi zweedimensional Beweegung an eng besser notzbar Dréibeweegung ëmgewandelt.
Zu Éieren vum James Watt gouf d'Eenheet vun der Leeschtung am internationalen Eenheetesystem Watt genannt.