Jean Sibelius
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Johann Julius Christian Sibelius besser bekannt als Jean Sibelius, gebuer den 8. Dezember 1865 zu Hämeenlinna, a gestuerwen den 20. September 1957 zu Järvenpää war e finnische Komponist.
De Jean Sibelius huet Droit an duerno Musek zu Helsinki, Berlin a Wien studéiert. Schonn als jonke Komponist hat de Sibelisu groussen Erfolleg an 1897 krut hien eng staatlech Bourse, déi him et erlabt huet, e Liewen ouni Suergen op sengem Landsëtz zu Järvenpää, eng 37 nërdlech vun der Haaptstad ewech, ze féieren.
Zu senge bekanntste Wierker gehéieren, niewent 7 Symphonien, d' Finlandia, Valse Triste, e Geie-Concerto, d' Karelia-Suite an De Schwan vun Tuonela.