John Flamsteed
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De John Flamsteed ass gebuer de 19. August 1646 zu Denby/Derbyshire a gestuerwen den 31. Dezember 1719 zu Greenwich. Hie war en engleschen Astronom.
[Änneren] Liewen
De Flamsteed war ausféierender Diakon huet säi Liewen op d’Derbyshire agestallt, bis hien op London beruff gouf. Den 4. Mäerz 1675 gouf hien duerch kinneklechen Erlass zum The King's Astronomical Observator, »Astronomeschen Observer vum Kinnik« ernannt. Hie war den éischten Astronomer Royal (»Kinneklechen Astronom«) a krut eng Rent vun 100 Pfund am Joer.
Op säi Virschlag gouf 1675 e weidere kinneklechen Erlass ugeholl, fir dGrëennung vun dem Royal Greenwich Observatory, fir dat den Flamsteed am August de Grondsteen geluet huet. Am Februar 1676 gouf hie Member vun der Royal Society an am Juli ass hien an d’Observatoire ëmgezunn, wou hie geliewt huet, bis hie 1684 zum Paschtouer beruff gouf vun der Gemeng Burstow an Surrey. Dëse Beruff an deen als Astronomer Royal huet hie bis zu sengem Doud gemaach. Am Joer 1720 gouf hien zu Burstow begruewen.
De Flamsteed ass och fir säi Sträit mam Isaac Newton bekannt, deen deemools President vun der Royal Society war. De Newton huet versicht, e puer Observatiounen vum Flamsteeds ze klauen an als seng eegen auszeginn, wat him mat Hëllef vun engem kinneklechen Edikt och gelongen ass. De Newton huet d’Observatiounen vum Flamsteed publizéiert ouni de Flamsteed als Entdecker ze nennen. Joeren duerno huet de Flamsteed déi meeschten Kopien vun de icher zeréckkaf an ëffentlech virum Royal Observatory verbrannt.
Zu Éieren vum Flamsteed gouf spéider e Krater um Mound no him genannt.
[Änneren] Wëssenschaftleche Aarbecht
De Flamsteed huet d’Daten vu ronn 2.800 iwwer England siichtbaren Stären gesammelt, déi hie mat zu gréisstem Deel selwer gebauten Instrumenten observéiert hat. Erduecht huet hie sech e System fir hir systematesch Benennung mat der sougenannten Flamsteed-Nummeren, dat och haut nach gebraucht gëtt.
An de Joren 1666 an 1668 berechent de Flamsteed d’Sonnendäischteren präezis viraus. Hie mécht och déi éischt festgehalen Observatioun vum Planéit Uranus, deen hien allerdéngs fir e Stär gehalen huet an als 34 Tauri an sengem Stärekatalog opgeholl huet.