Juddegaass (Tréier)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu Däitschland ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Am nërdlechen Iwwergaang vun der Tréierer Maartplaz an d'Simeonstrooss féiert d'Juddegaass an de fréiere mëttelalterleche jüdesche Quartier vun der Stad.
Hebräesch Aschrëfte beweisen, datt et schonns am éischten an am zweete Joerhonnert Judden am réimeschen Tréier gi si muss. Éischt schrëftlech Dokumenter iwwert eng Juddekommunautéit zu Tréier stamen aus dem 11. Joerhonnert. 1235 hu véier Judden hir Haiser an där spéider Juddegässel baue gelooss. An der éischter Halschent vum 14. Joerhonnert huet de jüdesche Quartier schonn ëm 60 Haiser mat Synagog, Gemengenhaus an anere jüdesche Strukture gezielt. D'Juddepaart, eng an zwee Haiser agebaute Paart iwwert déi een an Juddegässel kennt, gouf ufanks vum 13. Joerhonnert ugeluecht an tëscht 1607-1608 ëmgebaut. Iwwert hir befanne sech haut Fachwierkhaiser aus der Renaissance.
Mat der Verdreiwung vun de Judden 1349 ass och d'Geschicht vum Juddequartier zu Tréier op en Enn gaang.