Tréierer Haaptmaart
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Haaptmaart zu Tréier gouf mam Maartrecht am Joer 958 zum Zentrum vum mëttelalterechen Tréier. Haut ass e mat senge Gebaier eng vun de schéinste Maartplazen an Däitschland.
Op der Maartplaz steet d'Rout Haus mat der Steipe, engem ëm 1430 gebautene Biergerhaus an haut Sëtz vum Stadsrot. Duerch eng Barock-Paart op der Südsäit vum Maart ereecht een d'Maartkierch St. Gangolf, déi komplett vun Haiser a Butteker zougebaut ass. Vun der Maartplaz aus kennt een iwwert d'Juddegaass an de fréiere Juddequartier vun der Stad oder zum Doum a senger Doumstad.
[Änneren] Maartkräiz
An der Mëtt vun der Plaz steet eng Kopie vum Maartkräiz, dat den deemolegen Äerzbëschhof 958 opriichte gelooss huet, nodeems d'Maartplaz vum Floss aus op déi heiteg Plaz verluecht gi war. Den Original vum Kräiz steet haut am Musée vun der Stad. Déi ursprénglech réimesch Granitsail dréit an enger Héicht vun 3 m déi laténgesch Aschrëft Henricus archiepiscopus Treverensis me erexit. ("Den Heng, den Ärzbëschof vun Tréier, huet mech opgeriicht")
[Änneren] Péitrussprangbur
De Sprangbur op der Maartplaz mam Tréierer Schutzpatroun dem Hl. Péitrus op der Spëtzt, gouf 1595 vum Tréierer Renaissance-Skulpteur Hans Rupprecht Hoffmann entworf. D'Statue, déi sech aus dem sechseckegem Waasserbaseng erhieft, ass ëmgi vun de véier Haaptdugenden (d'Gerechtegkeet, d'Stäerkt, d'Mooss halen an d'Wäisheet).