Kastilien-La Mancha
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kastilien-La Mancha (sp: Castilla-La Mancha) ass eng Regioun an eng autonom Gemeinschaft a Spuenien.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
Kastilien-La Mancha läit am Zentrum vu Spuenien a grenzt un d'Regiounen Kastilien-León, Madrid, Aragonien, Valencia, Murcia, Andalusien an Extremadura. D'Fläch huet 79.463 km² a hëlt domat 15,7 % vu ganz Spuenien an. D'Haaptstad vu Kastilien-La Mancha ass Toledo.
[Änneren] Andeelungen
Kastilien-La Mancha ass a 5 Provënzen agedeelt, déi hirerseits a Gemengen agedeelt sinn.
Numm | Haaptstad | Provënz | Haaptstad |
---|---|---|---|
Kastilien-La Mancha | Toledo | Albacete | Albacete |
Ciudad Real | Ciudad Real | ||
Cuenca | Cuenca | ||
Guadalajara | Guadalajara | ||
Toledo | Toledo |
[Änneren] Geschicht
Kastilien-La Mancha ass zënter dem 16. August 1982 eng autonom Gemeinschaft.
[Änneren] Politik
De President vu Kastilien-La Mancha ass de José María Barreda (PSOE). Parlementaresch Vertriedung am spuenesche Kongress sinn 20 Sëtz an am Senat sinn 2 Sëtz.
[Änneren] Demographie
Am Joer 2005 ass d'Awunnerzuel op 1.894.667, dat sinn 4,3 % vun der spuenescher Populatioun.
[Änneren] Kuckt och
- Lëscht vun de Gemenge vu Kastilien-La Mancha
- Autonom Gemeinschafte vu Spuenien