Légion d'honneur
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' franséisch Éierelegioun, franz.: Légion d'honneur, ass eng franséisch Auszeechnung, en Uerden, deen de 19. Mee 1802 vum Napoleon I. no dem Virbild vun eelere Monarchien, z.B. vum engleschen Hosenbanduerden geschaf gouf. D'Légion d'honneur ass zënterhier den hëchsten a bekanntesten Uerden vu Frankräich a gouf nom Doud vum Napoleon bäibehalen. Haut ass de Präsident vun der Republik Grand Maître vum Uerden.
D'Éierelegioun huet puer Graden:
- Ritter (Chevalier), (bis 1808 als "Legionär" bezeechent)
- Offiziéier (Officier)
- Kommandeur (Commandeur, zunächst, bis 1816, "Kommandant")
- Groussoffizéier (Grand Officier)
- Grousskräiz (Grand Croix), .
Déi éischt Auszeechnung mat dësem Uerden war de 24. September 1803.
Den Uerde kréien zu ronn zwéin Drëttel Zaldoten an zu engem Drëttel Zivilpersounen. Et gi bis zu 75 Titulaire vum Grousskräiz, 250 Groussoffizéier, 1.250 Kommandeuren, 10.000 Offizéier an 100.000 Ritter.
[Änneren] Persounen déi e Gielche vun der Éirelegioun kruten
[Änneren] Fransousen
Abbé Pierre - Jacques Anquetil - Hélène Boucher - Albert Deriot - Blaise Illig - Charles Messier - Aimé Ramond -
[Änneren] Italiener
[Änneren] Lëtzebuerger
[Änneren] Schotten
[Änneren] US-Amerikaner
[Änneren] Stied déi e Gielche vun der Éirelegioun kruten
- Lëtzebuerg
- Léck
- Stalingrad
- Belgrad
- Alger
[Änneren] Schoulen déi e Gielche vun der Éirelegioun kruten
- École polytechnique vu Paräis
[Änneren] Entreprisen déi e Gielche vun der Éirelegioun kruten
- SNCF
[Änneren] Organismen déi e Gielche vun der Éirelegioun kruten
- Croix Rouge Française