Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
 |
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'latengesch Grammatik ...
D'laténgscht Nomen huet 3 Genera (männlech (m.), weiblech (f. fir femininum) a sächlech (n. fir neutrum)), 2 Numeri (Eenzuel a Méizuel) an 6(-7) Casus (Fäll):
- Nominativ : Gëtt fir de Sujet oder d'Attribut gebraucht
- Vocativ: Uriedform
- Akkusativ: Form fir de Complément d'objet direct
- Genitiv: Gëtt gebraucht fir duerzestellen, weem eppes gehéiert resp. zu wat eppes gehéiert.
- Dativ : Form fir den Complément d'objet indirect
- Ablativ: Form fir Emstandsbeschreiwungen (Zäit, Uert, Manéier, Ursaach, Moyen, ...)
- (Locativ: d'Plaz wou een sech grad befënnt, dëse Fall gëtt et just nach fir epuer Nomen)
D'Nomen verdeelen sech op 5 Deklinatiounen, dat heescht Formen, wéi en Nomen déklinéiert gëtt an de 6 Fäll:
- 1. Deklinatioun: Nomen op -a, Genitiv op -ae
- 2. Deklinatioun: Nomen op -us, -er an -um, Genitiv op -i
- 3. Deklinatioun: Nomen mat Konsonant am Auslaut oder 'i' am Wuertstamm, Genitiv op -is
- 4. Deklinatioun: Nomen op -us, Genitiv op -ūs ('ū' ass e laangen 'u')
- 5. Deklinatioun: Nomen op -es, Genitiv op -ei
D'Nomen ginn ëmmer folgendermossen zitéiert: Nominativ Eenzuel, Genitiv Eenzuel, Genus, z. B. rosa, rosae, f.
[Änneren] 1. Deklinatioun (a-Deklinatioun)
Rous |
Eenzuel |
Méizuel |
Nominativ |
rosa |
rosae |
Vokativ |
rosa |
rosae |
Akkusativ |
rosam |
rosās |
Genitiv |
rosae |
rosārum |
Dativ |
rosae |
rosīs |
Ablativ |
rosā |
rosīs |
[Änneren] 2. Deklinatioun
[Änneren] Nomen op -us/i
Här |
Eenzuel |
Méizuel |
Nominativ |
dominus |
domini |
Vokativ |
domine |
domini |
Akkusativ |
dominum |
dominos |
Genitiv |
domini |
dominorum |
Dativ |
domino |
dominis |
Ablativ |
domino |
dominis |
[Änneren] Nomen op -er
- Dës Nomen behaalen den 'e' vun der Endung
Jong |
Eenzuel |
Méizuel |
Nominativ |
puer |
pueri |
Vokativ |
puer |
pueri |
Akkusativ |
puerum |
pueros |
Genitiv |
pueri |
puerorum |
Dativ |
puero |
pueris |
Ablativ |
puero |
pueris |
Feld |
Eenzuel |
Méizuel |
Nominativ |
ager |
agri |
Vokativ |
ager |
agri |
Akkusativ |
agrum |
agros |
Genitiv |
agri |
agrorum |
Dativ |
agro |
agris |
Ablativ |
agro |
agris |
[Änneren] Nomen op -um
Kado |
Eenzuel |
Méizuel |
Nominativ |
donum |
dona |
Vokativ |
donum |
dona |
Akkusativ |
donum |
dona |
Genitiv |
doni |
donorum |
Dativ |
dono |
donis |
Ablativ |
dono |
donis |
[Änneren] 3. Deklinatioun
- Typ 1: déi ongläichsilbeg Nomen an folgend gläichsilbeg Nomen: mater, matris (Mamm), pater, patris (Papp), frater, fratris (Brudder), senex, senis (ale Mann), juvenis, juvenis (jonge Mann), canis, canis (Hond).
Konsul |
Eenzuel |
Méizuel |
Nominativ |
consul |
consules |
Vokativ |
consul |
consules |
Akkusativ |
consulem |
consules |
Genitiv |
consulis |
consulum |
Dativ |
consuli |
consulibus |
Ablativ |
consule |
consulibus |
Kierper |
Eenzuel |
Méizuel |
Nominativ |
corpus |
corpora |
Vokativ |
corpus |
corpora |
Akkusativ |
corpus |
corpora |
Genitiv |
corporis |
corporum |
Dativ |
corpori |
corporibus |
Ablativ |
corpore |
corporibus |
- Typ 2:
- fir m. an f. déi gläichsilbeg Nomen op 'is', 'es' an 'er' souwéi déi mat dueblem Konsonant am Genitiv Eenzuel ("Duebelkonsonantesch") urbs, urbis (Stad)
Boot |
Eenzuel |
Méizuel |
Nominativ |
navis |
naves |
Vokativ |
navis |
naves |
Akkusativ |
navem |
naves |
Genitiv |
navis |
navium |
Dativ |
navi |
navibus |
Ablativ |
nave |
navibus |
-
- fir n. d'Nomen op 'ar', 'e' an 'al'
Déier |
Eenzuel |
Méizuel |
Nominativ |
animal |
animalia |
Vokativ |
animal |
animalia |
Akkusativ |
animal |
animalia |
Genitiv |
animalis |
animalium |
Dativ |
animali |
animalibus |
Ablativ |
animali |
animalibus |
[Änneren] 4. Deklinatioun
[Änneren] Nomen op -us/ūs (m. an f.)
Hand |
Eenzuel |
Méizuel |
Nominativ |
manus |
manūs |
Vokativ |
manus |
manūs |
Akkusativ |
manum |
manūs |
Genitiv |
manūs |
manuum |
Dativ |
manuī |
manibus |
Ablativ |
manū |
manibus |
[Änneren] Nomen op -u/ūs (n.)
[Änneren] 5. Deklinatioun
Saach |
Eenzuel |
Méizuel |
Nominativ |
res |
res |
Vokativ |
res |
res |
Akkusativ |
rem |
res |
Genitiv |
rei |
rerum |
Dativ |
rei |
rebus |
Ablativ |
re |
rebus |
[Änneren] Genus vun den Nomen
De Genus vun den Nomen gëtt engersäits duerch dat natierlecht Geschlecht vun deem bezeechente Wiesen bestëmmt (dës Regel huet de Virtrëtt) an anersäits duerch d'Deklinatioun zu deer et gehéiert (et ginn och eng Rei Ausnahmen):
- Weiblech Persounen si weiblech, männlech Persouenen si männlech
- Beem si weiblech, Flëss si männlech
- d'Nomen op -a vun der 1. Deklinatioun si weiblech z. B. ara, -ae, f, (Altor), ausser déi di männlech Persoune bezeechenen, z B. nauta, -ae, m. (Matrouss)
- d'Nomen op -us an -er vun der 2. Deklinatioun si männlech z. B. hortus, -i, m. (Gaart), magister, magistri, m. (Schoulmeeschter)
- d'Nomen op -um vun der 2. Deklinatioun si sächlech z. B. bellum, -i, n. (Krich)
- d'Nomen vun der 3. Deklinatioun si, je no der Endung Nom./Gen.
- männlech: just Typ 1 op os/oris, or/oris ausser soror (Schwester), uxor (bestuete Fra) an arbor (Bam)
- weiblech:
- Typ 1: as/atis, es/etis, us/utis, us/udis, o/onis, o/inis, x/(anere Konsonant)is, Konsonant+s, ausser ordo (Uerdnung), sermo (Gespréich), grex, gregis (Häerd)
- all vum Typ 2 ausser mons (Bierg), pons (Breck), fons (Quell), imber (Reen), piscis (Fësch), finis (Enn), orbis (Äerdkrees), collis (Hiwwel), mensis (Mount), ignis (Feier), fascis (Fäsch, Bëndel)
- sächlech:
- Typ 1: us/oris, us/eris, en/inis, men/minis a caput, itis (Kapp), cor, cordis, (Häerz), os, oris (Mond)
- Typ2: ar/aris, al/alis, e/is
[Änneren] Deklinatioun vun Adjektiven
Bei de Verben ënnerscheed een tëscht finiten an infinite Fromen:
- finit: d'Verb gëtt de Persounen an den Numeri no konjugéiert
- inifinit: d'Verb gëtt net konjugéiert
Dat finit laténgscht Verb huet 3 Persounen (1., 2. an 3.), 2 Numeri (Eenzuel a Méizuel), 3 Modi (Indikativ, Imperativ an Konjuktiv (subjonctif)), 6 Tempora (Präsens, Perfekt, Imperfekt, Futur I (futur simple), Futur II (futur antérieur) a Plusquamperfekt) an 2 Genera (Aktiv a Passiv).
Déi infinit Verbforme sinn den Infinitiv, de Partizip, de Gerundium, de Gerundivum an de Supinum.
D'Verbe verdeelen sech op 4 Konjugatiounen, plus verschidden onregelméisseg Verben. Fir Verben ze zitéirien (an ze léieren) geet folgendermoossen: 1. Pers Sg Ind Präs, 2. Pers Sg Ind Präs, Inifinitiv, 1. Pers Sg Ind Perfekt, Supinum; déi 2. Pers Sg Ind Präs gëtt alt ewechgelooss.
- 1. Konjugatioun: Verben op -are: amo, amas, amare, amavi, amatum - gär hunn
- 2. Konjugatioun: Verben op -ere: moneo, mones, monere, monui, monitum - warnen
- 3. Konjugatioun: Verben op -ĕre:
- Typ 1: lego, legis, legĕre, lēgi, lectum - liesen
- Typ 2: mat engem 'i' an der der Endung vun der éischter Persoun Eenzuel Indikativ Präsenz Aktiv: capio, capis , capĕre, cēpi, captum - huelen
- 4. Konjugatioun: verben op -ire: audio, audis, audire, audivi, auditum - héieren
[Änneren] Infinitivsätz
Am Latäin gëtt et Niewesätz deenen hiert Verb am Infinitiv steet. De Sujet vun dem Verb ass am Akkusativ (AcI, accusativus cum infinitivo) oder (méi rar) am Nominativ (NcI, nominativus cum infinitivo).
No Verbem déi hoffen, wessen, soen, wuerhuelen souwéi de Verbe vum Wëllen (velle, nolle, malle, cupere (wëllen, net wëllen, léiwer hunn, wënschen), no deenen anere Verbe vum Wëllen steet Kunjunktiv) ausdrecken steet AcI. Beispiller:
- Spero matrem tuam valere - Ech hoffen denger Mamm geet et gutt.
- Vides me beatum esse - Du gesäiss datt ech frou sinn.
Fir Aussoen déi sech op eng Persoun oder Saach bezéien benotzt een en NcI:
- Caesar dictur optimus dux esse - Vum Cesar gëtt gesot hi wär de beschte Chef.
[Änneren] Consecutio temporum am Infinitivsaatz