Lou Koster
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Lou Koster, gebuer de 7. Mee 1889, gestuerwen de 17. November 1973, war eng lëtzebuergesch Komponistin, Violonistin a Pianistin.
D'Lou Koster wiisst an enger musekalescher Famill op. Hire Grousspapp, de Franz Ferdinand Bernard Hoebich, dee Kapellmeister vun der Lëtzebuerger Militärmusek war, léiert se Solfège, Gei a Piano. 1906 schreift se sech am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg an. Am Conservatoire sollt si dann fir d'éischt als Aushëllef-Professesch, dono als Professesch, bis zu hirer Pensioun 1954 schaffen.
Bis den Tounfilm sech allgemeng verbreet hat, huet d'Lou Koster (genee wéi hir Sëschtere Laure a Lina) an de Staadter Kinoen d'Stommfilmer um Piano begleedt.
Hir éischt Kompositiounen ware Vertoununge vun den Texter vu lëtzebuergeschen Dichter. Hir éischt Operett, An der Schwemm, no engem Libretto vum Batty Weber vun 1922, hat zwar gutt Kritike bei der Première, gouf awer no an no nees vergiess.
Eréischt a fortgeschrattenem Alter ass d'Lou Koster mat hire Kompositioune méi un d'Ëffentlechkeet gaangen. Vun hir ginn et Märsch, Operetten, Lidder, Kompositioune fir Orchester a fir Piano. Hire gréisste Succès hat se mam Geiger von Echternach, engem Oratorium, dat 1972 an der Iechternacher Basilika fir d'éischt opgefouert gouf, an dono nach eng Kéier 1974 an 1990.
D'Lou Koster ass 1973 am Alter vu 84 Joer verscheet. Si war d'Sëschter vun der Laure Koster.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Schallplack
- Onst Lidd, Single mit Melodien von Lou Koster auf 6 Texte von Nik Welter, Luxemburg 1968
[Änneren] CDen
- Der Geiger von Echternach, Production Musek Edy Noël, Luxembourg 1995
- Lou Koster-Lieder, Production Musek Edy Noël, Luxembourg 1995
- Enn 2003 huet den Euterpe Fraemusekforum am Centre d'Information et de Documentation des Femmes (Cid-femmes) en CD produzéiert mat 24 Lidder vun de lëtzebuergesch Komponistinnen Lou Koster an Helen Buchholtz. Beim CD läit en 32 Säite-Bichelchen mat den Originaltexte vun alle Lidder a Informatiounen iwwer déi zwou Komponistinnen vun der Musekologin Danielle Roster.
- Helen Buchholtz/Lou Koster: Mélodies de compositrices luxembourgeoises/Lieder luxemburgischer Komponistinnen, La Voce di Euterpe 2, Luxembourg 2003
- In der Abendsonne, Melodien von Lou Koster, Productioun Venant Arend, Luxemburg 2003