Marcel Noppeney
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Marcel Noppeney, gebuer de 24. Abrëll 1877 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen de 5. Abrëll 1966, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
De Marcel Noppeney (säi Papp war Notaire zu Déifferdeng) huet zu Lëtzebuerg d'éischt de Kolléisch besicht, duerno war hien am Lycée zu Iechternach an zu Dikrech. Hien huet duerno op der Faculté de Droit zu Paräis Droit studéiert. Vun 1903 un war hien ofwieselnd zu Paräis an zu Lëtzebuerg. Hei huet hien d'Leedung vun der Indépendance luxembourgeoise iwwerholl, eng Zeitung, déi nëmmen op franséisch geschriwwe war. Hien huet sech awer ëmmer méi fir franséisch Literatur a Kulturgeschicht interesséiert. Hie wor Matbegrënner vun der Literaturzäitschrëft Floréal.
Am Éischte Weltkrich huet de Marcel Noppeney e Comité gegrënnt, dee franséisch a belsch Krichsaffer ënnerstëtzt huet. Bal 400 Zaldoten, déi der Krichsgefaangenschaft entkomm waren, sinn zu Lëtzebuerg verstoppt ginn. De Marcel Noppeney huet hinnen falsch Pabeiere verschaaft an d'Madame Mayrisch huet si bei der ARBED beschäftegt. De 7. Juni 1915 gouf hie vun der Feldgendarmerie verhaft. Hie gouf an 3 Prozessen zum Doud verurteelt. D'Groussherzogin Marie-Adelheid ass fir hie beim däitsche Keeser intervenéiert, sou dass hien net higeriicht gouf. Den 21. November 1918 gouf hie befreit.
Nom Krich huet den Noppeney sech fir eng wirtschaftlech Verbindung mat Frankräich agesat. Hie gouf fir de Vëlkerbond Juge arbitre délégué des tribunaux arbitraux mixtes. Hien huet 600 Urteeler gefällt, déi allegzer vum Plenum vun der Juridiktioun bestätegt goufen. Erëm zu Lëtzebuerg ass hie Matbegrënner vun der SELF (Société des écrivains luxembourgeois de langue française). 1935 keeft hien d'Schlass vu Boufer.
Wéi den Zweete Weltkrich ausbrécht, weigert de Marcel Noppeney sech, an d'Ausland ze flüchten. De 17. Mee 1940 gouf hie verhaft. Hie war 2 Méint am Prisong. Hien huet sech weider den Instruktioune vun den Preise widdersat. ("heil Hitler" soen, Geld sammelen fir däitsch Wierker, den Numm änneren). De 27. Mäerz 1941 gouf hien endgülteg verhaft a säi ganzt Verméigen gouf beschlagnaamt. No 2 Méint am Prisong gouf hien an d' KZ Dachau bruecht. Lëtzebuergesch an och däitsch Frënn hu verhënnert, datt hie gestuerwen ass.
No der Befreiung huet hie Boufer total verwüst erëm fonnt. Déi gréist Privatbibliothéik aus dem Land war och verbrannt ginn. Erëm hu Frënn fir hie gesuergt, sou datt hien erëm bei Kräfte koum, 1948 huet de Marcel Noppeney sech mat der Mme Mado Pescatore de Villegas bestuet.
Hien ass de 5. Abrëll 1966 gestuerwen.
[Änneren] Säi Wierk
[Änneren] poèmes
- 1903; Danse macabre
- 1907: Le Prince Avril, poésies
- 1910; De Myrrhe, d'Encens et d'Or,, poésies, floréal
- 1920: Poèmes de la Guerre et du Bagne,
- 1949: Signes sur le Sable, poésies
- 1950: Stylogrammes,
[Änneren] prose
- 1932: Fresez, paysagiste et son Epoque, Linden et Hansen, Luxembourg
- 1932: Des Lions de Rémont aux Lions de Trémont. Histoire d'un Hôtel de Ville, Joseph Beffort
- 1933: L'Oeuvre multiple de Nicolas Liez, Linden et Hansen
- 1934: Luxembourg 1830: La Révolution belge et la presse luxembourgeoise, Beffort
- 1934: A Luxembourg autrefois, Beffort 3 volumes, 1934-1958, Editions SELF
- 1939: En Luxembourg aujourd'hui, Editions SELF
- 1950: Les dix Plaies de la Route, Editions SELF
- 1953: Contre eux, Editions du Rappel, 1953-1955
- 1957: France-Luxembourg
- 1955: Les Considérations du Baron Piç,Editions SELF
[Änneren] Fir nozeliesen
- Henri Koch-Kent: "Marcel Noppeney, Meister der Sprache", in: Revue 1965 N°33
- Marcel Gérard: Anthologie française du Luxembourg, 1960, Imprimerie Saint-Paul
- Anthologie des écrivains luxembourgeois de langue française CL 1937/3,4