Marina Vlady
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Marina Vlady ass eng franséisch Filmschauspillerin. Si ass als Marina Catherine de Poliakoff-Baidaroff (Марина Полякова-Байдарова) den 10. Mäerz 1938 zu Clichy, Hauts-de-Seine, Île-de-France a Frankräich gebuer ginn.
Hir Eltere waren den Opernsänger Wladimir de Poliakoff an d'Dänzerin Militza Enwald, déi no der Oktoberrevolutioun 1917 vu Russland a Frankräich emigréiert sinn. D'Marina Vlady hat nach dräi Schwesteren, déi och alleguerte Schauspillerinne waren: d'Odile Versois, d'Hélène Vallier an d'Olga Baïdar-Poliakoff.
Schonn als Kand ass d'Marina am Ballet vun der Paräiser Oper opgetratt. An den 1950er Jore war si an italieneschen, franséischen an däitsche Filmer als séduisanten Teenager ze gesinn. Mam Film La Sorcière vun 1956 huet si hire groussen Duerchbroch gefeiert. Am ganzen huet si iwwer siechzeg Filmer gedréint an en etlech Präisser fir hir Film- a Fernseesrolle gewonnen: De Prix Suzanne Bianchetti (1954), d'Meilleure interprétation féminine (Belsch 1960) fir La Princesse de Clèves an de Prix de l'interprétation féminine um Canner Filmfestival (1963) fir Le Lit conjugal. Schliisslech krut si och nach d'Croix d’Officier des Arts et des Lettres.
Si war bestuet mam Schauspiller a Regisseur Robert Hossein vun 1955 bis ?, mam Geschäftsmann Jean-Claude Brouillet vun 1963 bis 1966, mam populäre sowjetesche Schauspiller a Sänger Wladimir Wyssozki vun 1969 bis zu sengem Doud 1980 a mam Kriibsfuerscher Dr. Léon Schwartzenberg vun ? bis zu sengem Doud 2003.
Mam Robert Hossein huet si zwee Kanner (Igor a Pierre) a mam Jean-Claude Brouillet ee Bouf (Vladimir).
[Änneren] Filmographie (Auswiel)
- 1952: Dans la vie tout s'arrange vum Marcel Cravenne
- 1955: Sophie et le crime vum Pierre Gaspard-Huit
- 1956: La Sorcière vum André Michel
- 1956: Crime et Châtiment vum Georges Lampin
- 1960: La princesse de Clèves vum Jean Delannoy
- 1963: Le meurtrier vum Claude Autant-Lara
- 1964: Ape regina ( Le lit conjugal) vum Marco Ferreri
- 1966: On a volé la Joconde vum Michel Deville
- 1968: 2 ou 3 choses que je sais d'elle vum Jean-Luc Godard
- 1969: Lika, le grand amour de Tchekhov vum Sergei Jutkewitsch
- 1975: Sept morts sur ordonnance vum Jacques Rouffio
- 1976: Que la fête commence vum Bertrand Tavernier
- 1978: Les deux berges vum Patrick Antoine
- 1982: Fort comme la mort vum Gérard Chouchan
[Änneren] Hir Bicher
- Babouchka (mam Hélène Vallier, Odile Versois an Olga Baïdar-Poliakoff), Éditions Fayard, 1979/1996.
- Vladimir ou le vol arrêté, Éditions Fayard, 1987 - autobiographesche Roman.
- Récits pour Militza, Éditions Fayard, 1989.
- Le Collectionneur de Venise, Éditions Fayard, 1990.
- Le Voyage de Sergueï Ivanovitch, Éditions Fayard, 1993.
- Du Coeur au ventre, Éditions Fayard, 1996.
- Ma Cerisaie, Éditions Fayard, 2001.
- 24 images/seconde, Éditions Fayard, 2005 - hir Memoiren.