Mathias Adam
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Mathias Adam (*19. November 1850 an der Stad Lëtzebuerg, + 18. Februar 1936 zu Munneref) wae e lëtzebuergesche Pedagog.
De Mathias Adam war e Schoulmeeschter: fir d'éischt zu Esch-Uelzecht, dann zu Ettelbréck an zu Walfer, bis en 1887 d'Péitenger Uewerprimärschoul krut.
1881 ass duerch e Gesetz, datt de Mathias Adam mat ausgeschafft hat, d'Schoul fir Kanner vu 6 bis 12 Joer obligatoresch ginn. 1884 huet en d'Zäitschrëft Pädagogischer Sprechsaal gegrënnt, an e war Redakter vum Luxemburger Lehrerblatt, dat spéider a Luxemburger Lehrerzeitung ëmbenannt gouf. 1900 huet hien de Lehrerverband mattgegrënnt, a war bis 1918 President dovunner. Um Schoulgesetz vun 1912 war hie mat dru bedeelegt.
Och d'Volleksbildungsveräiner huet hie mat an d'Liewe geruff, a war de President vun der Federatioun vun dëse Veräiner. Weider war de Mathias Adam Chefredakter vun der Wochenzeitung Neue Zeit, déi de 26. Mäerz 1911 fir d'éischt erauskoum.
Wéi en 1915 pensionnéiert gouf, ass en op Munneref geplënnert. Hien ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen an um Nikloskierfecht an der Stad begruewe ginn.
De Mathias Adam war bestuet.
De Lycée technique zu Péiteng gouf den 13. Juli 1979 no him benannt.
[Änneren] Publikatioun
- Lehr- und Lesebuch für die Fortbildungsschulen des Großherzogtums Luxemburg. 1895.
[Änneren] Kuckt och
- Lycée technique Mathias Adam