Mihály Munkácsy
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Mihály Munkácsy gebuer den 20. Februar 1844 zu Munkács um Fouss vun de Karpaten, haut an der Ukrain, a gestuerwen den 1. Mee 1900, war en ungaresche Moler, deen eng Zäit um Kolpecher Schlass gelieft an do och gemoolt huet. Am Fong war d'Kolpecher Schlass, seng Summerresidenz, wéi hien nach zu Paräis gewunnt huet. Et war am Besëtz vum Baron Edouard de Marches a senger Fra Cecile Papier, enger gebierteger Lëtzebuergerin. Sie hunn hie gesponsert an ënnerstëtzt.
[Änneren] Säi Liewen
De Mihály Munkácsy hat e beweegt Liewen. 1846 ass hien mat der Famill no Miskolc (Ungarn) geplënnert, nodeem säi Papp versat gi war. Do huet hie bis 1851 gelieft. 1861 ass hien u Syphilis erkrankt, wouduerch säi Gesondheetszoustand sech verschlechtert huet. Hie war beim Wiener Moler Karl Rahl an der Léier, spéider zu München beim Sándor Wagner (1839-1919), engem jonken Ungar. Seng Paräiser Zäit, vun 1871 un, gouf him vill Méiglechkeeten. Do huet hien déi klassesch Moler an d'Häerz geschloss a sech zum Realismus bekannt. Nodeem 1873 de Baron de Marches gestuerwe war, huet hie seng Witfra, d'Cecile Papier aus Clausen, bestuet. Hien a si sinn zu Paräis an de mondäne Kreeser verkéiert. Lues a lues huet hien dunn och säi Stil geännert, ënnert dem Afloss vun den Impressionisten, déi zu Paräis den Toun uginn hunn. D'Bestiedness mam Cecile Papier huet him Kolpech, wou hie bekannt Biller vum Schlass-Park gemoolt huet, méi no bruecht. D'Lëtzebuerger Moler M. Engels an Franz Heldenstein waren zu Kolpech gär gesinn, grad ewéi den Nationaldichter Michel Lentz an de Staatsminister Paul Eyschen souwéi d'Famillen Brasseur an Bian.
Um Enn vu sengem Liewen hat hie vill Depressiounen a war nimméi ganz kloer am Geescht. 1900, den 1. Mee, ass hien am Alter vun nëmme 56 Joer ënner trauregen Ëmstänn verscheet.
[Änneren] Säi Wierk
Hei sinn nëmmen e puer Wierker rausgegraff:
- D'Eruewerung vun Ungarn,1879, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
- Mamm a Kand, Eng Etude fir de Christus virum Pilatus, 1880, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
- Milton (Milton diktiert seinen Töchtern das verlorene Paradies) 1878, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
- Hond, 1882, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
- Bild vum vum Laszlo Paal, 1877, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
- De Gaapsert, 1869, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
- Etude vum Eva fir säin Tableau or Milton, 1878, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
- Blummenensembel, 1881, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
- The Pawnbroker's Shop, 1874, Metropolitan Museum of Art, New York
- Golgotha, Cercle Municipal, Lëtzebuerg
- De verluerene Jong, Konviktkappell, Lëtzebuerg
- Portrait vum Franz Liszt, 1886, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
- Le Christ à la Croix
- Christus vor Pilatus,
- Pater, a Lëtzebuerger Privatbesëtz
[Änneren] Literatur
- Kohnen, Joseph: Munkácsy und Luxemburg, Imprimerie Sain-Paul, Luxemburg, 1984