Paul Eyschen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Paul Eyschen gebuer den 9. September 1841 zu Dikrech, a gestuerwen den 11. Oktober 1915 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker.
De Paul Eyschen, Jong vum Charles-Gérard Eyschen, huet zu Paräis an zu Bonn Droit studéiert a gouf 1865 Affekot um stater Barreau.
1866 gouf hien als Deputéierten an d'Assemblée des États gewielt.
Vun 1875 bis 1888 war hie Chargé d'Affaires géintiwwer der däitscher Regierung. Tëschent 1876 an 1888 war hie Generaldirekter (d.h. Minister) fir Justiz an de Regierungen de Blochausen an Thilges.
Den 22. September 1888 huet hien d'Nofolleg vum Édouard Thilges als Staatsminister a Regierungspresident iwwerholl, eng Funktioun, déi e 27 Joer laang, bis zu sengem Doud 1915, anhat. Gläichzäiteg war hien och Generaldirekter fir Aussebezéiungen an, vun 1896 un, fir Landwirtschaft a Wäibau.