Montagne Pelée
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Montagne Pelée (Geschielte Bierg) ass en aktive Vulkan op der nërdlecher Spëtz vun der franséischer Insel Martinique an der Karibik.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ausbroch vun 1902
Obwuel ugeholl gouf, datt d'Montagne Pelée geläscht wier, ass dee Vulkan den 8. Mee 1902 ausgebrach, an en huet déi déizäiteg Haaptstad Saint Pierre, déi 7 Kilometer südlech vu senger Spëtz war, total zerstéiert. Iwwer 25.000 Mënsche sinn dobäi ëmkomm, well d'Stad iwwerlaf war mat Flüchlingen aus aneren Uertschaften, déi sech do wollten a Sécherheet brénge viru klengeren Explosiounen a Bulliswellen aus dem Vulkan, deen de 25. Abrëll ugefaangen hat mat méi klengen Ausbréch. Bei den Affer waren och d'Besatzungen an d' Passagéier vu Schëffer, déi am Hafe vu Saint Pierre verankert waren.