Vulkan
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Vulkan ass eng Plaz un der Äerdiwwerfläch, wou Magma erauskënnt. Déi erausgesprëtzten oder erausfléissend Masse bilden e kegel- oder schëldförmegen Bierg mat engem Krater un der Spëtz. All Virgäng bei deene fest, flësseg oder gasförmeg Stoffer aus der Äerd un d´Uewerfläch kommen heesche Vulkanismus.
Wann d'Energie aus der Déift vun der Äerd bis un Äerdkuuscht eropkënnt réisst et se auserneen. Déi eropkommend Hëtzt léist e Vulkan späitzen an d´Äerd seismech zidderen.
D'Äerdplakken, déi di äusserst Schicht vun der Äerd bilde, ginn no ënne gezunn, wou se deelweis duerch déi enorm Hëtzt schmelzen. Doduerch kënnt dann Magma erop a formt Vulkanketten. Op enger aner Plaz komme Sailen aus waarme Gestengs, Plumes genannt, erop. Als Lava kënnt et aus sougenannte Hot Spots erausgefloss a léist Vulkaninselen entstoen. All dës Prozesser erstinn duerch de gliddegen Äerdkär, deen all seng Hëtzt no baussen ofgëtt, wéi och duerch radioaktiv Prozesser am Äerdmantel an der Äerdkuuscht.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Opbau vun engem Vulkan
Vill explosive Vulkaner hu vill Schichte vu Material vu hire villen Ausbrëch. Déif am Vulkan läit e Reservoir mat flëssegem Gestengs. Iwwer dëser Magmakummer féiert e Schlot zum Krater. Dee kann duerch di erstarrte Lava zou sinn. Den Drock, de sëch duerch d'Magma, wat no uewe wëll kommen, entsteet, féiert dozou, dass dee Stopp ewechexplodéiert an de Magma erausgeschléidert gëtt.
[Änneren] Type vu Vulkaner
D'Form vun engem Vulkan hängt virun allem vu sénger Lava of. Et gi sechs verschidde Forme vu Vulkaner:
- Staukoppevulkan
- Schëldvulkan
- Stratovulkan
- Spaltevulkan
- Caldera
- Gemëschte Vulkan
[Änneren] Behuele vu Vulkaner
Vulkaner entstinn do wou de Magma sech säi Wee un d'Äerdkuuscht mecht an dat meeschtens do wou scho Rëss sinn. Do fléisst de Magma dann un d'Äerdiwwerläch oder um Buedem vum Mier. An den Tëschereim vun den tektonesche Plakken bild d'Magma eng nei Äerdkuuscht an en neien Vulkanréck. Si kënnen awer och an esou enger Plakk sech bilden. Si ginn duerch déi sougenannten hot-spots am Äerdmantel verursaacht.
[Änneren] Vulkaner op der Äerd
Et ginn ronn 1500 Vulkaner op der Äerd déi aktiv sinn. Di meescht sinn net ze gesinn, well si um Grond vun de Mierer sinn.
[Änneren] Bekannte Vulkaner
- Etna, Sizilien
- Krakatau, Indonesien
- Katmai, Alaska
- Montagne Pelée, Martinique
- Nevado del Ruiz, Kolumbien
- Pinatubo, Philipinnen
- Stromboli, Italien
- St. Helens, USA
- Vesuv, Italien
[Änneren] Di zéng héchsten aktiv Vulkaner
Numm vum Vulkan (Lag) | Héicht (m) |
---|---|
Ojos del Salado (Argentinien/Chile) | 6.885 |
Guallatiri (Chile) | 6.060 |
Cotopaxi (Ecuador) | 5.897 |
Lascar (Chile) | 5.641 |
Tupungatito (Chile) | 5.640 |
Popocatepetl (Mexiko) | 5.451 |
Ruiz (Kolumbien) | 5.321 |
Sangay (Ecuador) | 5.230 |
Kljutschewskaja Sopka (Russland) | 4.850 |
Purace (Kolumbien) | 4.590 |
[Änneren] Literatur zum Thema
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Lëscht vun de Vulkanen