Netzwierkkaart
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Netzwierkkaart ass eng Kaart déi dem Computer erlaabt eng Verbindung zum Internet, also zu anere Computeren oder Netzwierk-Apparater opzebauen. Dat heescht iwwert déi Kaart ginn Daten erausgeschéckt, oder iwwert si erhält een och Daten.
[Änneren] Verschidden Aarte vun Netzwierkkaarten
Ënnert enger Netzwierkkaart versteet een net nëmmen d'Ethernet-Kaart.
Et ginn och ISDN-Kaarten, déi normal Modems-Kaarten, DSL-Kaarten,... déi Kaarte sinn all geduet fir eng Connection mam WWW (World Wide Web, Internet) opzebauen. Déi Kaarte ginn normalerweis direkt mam Telefonsmodem verbonnen, d.h. se stinn direkt mam Internet a Verbindung.
Et ginn och Internet-TV-Kaarten, mat deenen een direkt mam TV-Kabel op de Computer fiert, an och rëm eng direkt Verbindung mam Internet hierstellt, just dës Kéier iwwert TV-Netz. Mee zu Lëtzebuerg ass et normalerweis sou datt den TV-Kabel un een extraen Empfänger-Modem nëmme fir Internet-TV ugeschloss gëtt, deen Date veraarbecht, an iwwert den Ethernet oder USB weider un de Computer geet.
Eng Ethernet-Kaart, gëtt normalerweis mat engem Router verbonnen, deen dann direkt mam Internet a Verbindung steet. Dat heecht eng Ethernet-Kaart as am Fong net geduet fir sech direkt mam oder iwerhaapt mam Internet ze verbannen. Si si just konzipéiert fir Daten an engem internen Netzwierk hin an hier ze schécken. Et ginn awer och Ethernet-Kaarte mat integréiertem ADSL-Modem, mat deenen een eng direkt Verbindung zum Internet hierstelle kann, oder awer och een Netzwierk opbauen, also zwee oder méi Computere matenee verbanne kann.
[Änneren] Erkennung vun enger Netzwierkkaart
Eng Netzwierkkaart brauch, fir datt se och fonktionéiere kann, eng Erkennung, déi nëmmen déi Kaart huet a soss keng aner Netzwierkkaart op der Welt. Dës Erkennung gëtt MAC-Adress genannt.