Orpheus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Orpheus war dee berühmtste Sänger aus der griichescher Mythologie. E war de Jong vum thrakesche Flossgott Oiagros an der Mus Kalliope (heiansdo gëtt och den Apollo als säi Papp genannt).
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Mythos
Mat sengem Spill op der Lyra huet hie Mënschen, Déieren a Planze verzaubert an se an en Zoustand vu paradiesescher Rou versat. Dat huet sech och op der Rees vun den Argonauten gewisen un der hien Deel geholl huet fir d'Stierm ze berouegen.
Den Orpheus huet an Thrakie geliewt. Seng Fra war d'Nymph Eurydike. Wéi si op der Hochzäitsfeier un engem Schlaangebëss gestuerwen ass, ass den Orpheus an d'Ënnerwelt gaang fir mat sengem Gesang a senger Musek de Gott Hades dozou ze bewegen him seng Fra erëmzeginn. Den Hades war vum Orpheus senger Konscht esou ergraff dat hie senger Fra erlaabt huet mat him zréckzegoen, ënnert der Bedingung dat hien sech ënnerwee net no him géif ëmkucken. Well seng d'Eurydike awer no senger Hand gegraff huet huet e net méi u säi Versprieche geduecht an sech trotzdeem ëmgedréit. Dunn huet d'Eurydike erëm missen an den Hades erofgoen an den Orpheus hat hatt fir ëmmer verluer.
De Sänger stoung de Musen an och dem Apollo no, net awer dem Dionysos, de Gott vum Wäin, vun den Ausschwäifungen, ekstateschen Ëmzich a Gesäng. An senger Heemecht ass den Orpheus schliisslech vun de Mainaden, Fraen aus dem Gefolleg vum Dionysos, zerrass ginn. Säi Kapp a seng Lyra sinn an de Floss Hebros gehäit a spéider op der Insel Lesbos u Land gespullt ginn. Säi Graf soll an der Stad Leibethra gewiescht sinn.
Dem Orpheus seng Lyra ass als Stärebild un den Himmel versat ginn.
[Änneren] Konscht
[Änneren] Literatur
[Änneren] Verschiddenes
No him ass och e Zupfinstrument Orpheoreon benannt ginn.
[Änneren] Kuckt och
- Orphik
- Orphismus
![]() |
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |