Dionysos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Dionysos, och Bakchos, war eng griichesch Naturgottheet, am besonneschen de Gott vum Wäin a vun der Vegetatioun. Säi Kult huet bei de Griichen eng grouss Roll gespillt, mee seng Wiesenszich sinn esou villfälteg dat et schwiereg ass ze zu engem Gesamtbild zesummenzefaassen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
Den éischten Deel vu sengem Numm deit op de Genitiv vum Numm Zeus hinn an als Jong vum Zeus a vum Semele ass den Dionysos och ann de griichesche Mythos agaang. D'So erzielt dat d'Semele op Ustëften vum Zeus senger jalouser Fra Hera verlaangt huet hieren Amant, den Zeus a senger gëttlecher Muecht ze gesinn. Wou en hier doropshinn ënner Donner a Blëtz erschéngt ass, ass si verbrannt. Den Zeus huet dunn hieren ongebuerene Jong Dionysos a sengem Uewerschenkel ausgedroen. Spéider huet en de Jong de Nymphen vun Nysa ginn fir dat si e sollen opzéien. Hien ass zu Naxos mam Ariadne bestued ginn.
[Änneren] Ursprong
Seng Hierkonft an den Zäitpunkt vu senger kultescher Verbreedung a Griichenland si net ganz kloer. No de Virstellunge vum Altertum koum den Dionysos aus Thrakien, Lydien (de Numm Bakchos ass méiglecherweis vu lydeschem Ursprong) oder Phrygien am 8. Jorhonnert no Griichenland.
[Änneren] Kult
Säi Kult zeechent sech duerch Extase an Orgien aus, wat de Griichen bis dohi friem war. Dowéinst huet sëch seng Veréierung och am Ufank géint Widderstänn missten duerchsetzen déi besonnesch vum ioneschen Adel ausgaang sinn. Beim Homer gehéiert den Dionysos z.B. nach net zu de groussen olympesche Gëtter.
Bei deen zu Éieren vum Dionysos gefeierte Fester (wat virunn allem Wäin- oder Fréijorsfester waren) ass de Gott meeschtens a Gestalt vum Stéier, begleet vun de Mainades, Thyiaden, Satyren, Nymphen an anere verkleete Gestalten duersch Bëscher gezunn. Si hu gedanzt, Wëld zerass an d'Fleesch réi giess an sech ëmmer méi an Extase gesteigert (ursprénglech hat dat nach näischt mam Wäin ze dinn). Eréischt no a no hunn sech d'Ëmstänn geännert ann den Dionysos huet eng fest Plaz an der griichescher Religioun kritt. Bezeechnend dofir ass och dat ab engem gewëssen Zäitpunkt den Dionysos och um Haapthellegtum vum Apollo zu Delphi veréiert ginn ass.
Bei den Dionysos-Fester, besonnesch zu Athen si regelméisseg Theateropféierunge gemaach ginn sou dat de Kult och an Zesummenhang mat der Entstehung vum Drama ugesi gi kann.
Am Ufank as den Dionysos als ale Mann mat Baart, spéider als jonke Mann duergestellt ginn.
[Änneren] Entspriechungen
- Liber, spéider Bacchus
[Änneren] Kuckt och
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |