Panik am Studio 4!
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
Titelbild feelt nach | ||||
Land | Lëtzebuerg | |||
Sprooch | Lëtzebuergesch | |||
Erauskomm | 1992 | |||
Text | Lucien Czuga | |||
Zeechnungen | Roger Leiner |
Panik am Studio 4! ass de 5. Album aus der Superjhemp-Serie vum Roger Leiner a Lucien Czuga.
[Änneren] Ëm wat geet et ?
E mysteriéisen Här X vun der Fräiheetsfront vu Mutschebuerg dreet domatter, eng Atombomm explodéieren ze loossen, déi en am Studio 4 vun der Villa Glouglouvigny deponéiert huet, wann de japanesche Golfpromoteur Neemengmodi Tasskeekado net giff zu Mutschebuerg, engem Duerf am Kéislek, e Golfterrain opriichten. De Superjhemp an den Inspekter Schrobiltgen fannen zwar geschwënn den Erpresser, mee deen zielt hinnen, nëmmen de russeschen Atomphysiker Oleg Mechhannen wéisst, wéi een d'Bomm entschäerfe kéint.
De Superjhemp flitt mam Schrobiltgen fir d'éischt a Russland (wou en eng Atomzentral mat Kachkéis fléckt), an duerno op Nudel-York, wou de Mechhannen den Aussoe vun der Opere-Sängerin Monsterrat Kaballet no soll sinn. Se fannen e schliisslech beim Tournage vun engem Film iwwert dem Kolumbus seng Iwwerquierung vum Atlantik, an e verréit hinnen, wéi een d'Bomm onschiedlech mécht: einfach de Knäppchen op 'off' stellen.
Domadder gëtt den Här X sech awer nach net geschloen. Hee wëll elo d'Luxusbuerger Grondwaasser mat Piffkonzentrat verknaschten.
[Änneren] Kuriéises
Wéi an deenen aneren Albumen aus der Serie gëtt d'Aktualitéit aus deem Joer, deemno 1992, persifléiert: Den neien deeglechen Tëlevisiounsprogramm vun RTL op Lëtzebuergesch, d'Accordë vu Schengen, Europa nom Zesummebroch vum Kommunismus, de 500. Anniversaire vun der Entdeckung vun Amerika, d'Weltausstellung vu Sevilla, asw.