Golf (Sport)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Golf ass eng Genauegkeetssportaart, déi do bausse gespillt gëtt a wou et drëms geet e Ball mat Hëllef vun engem Golfschléier an esou mann ewéi méglech Schléi an e Lach ze bréngen. Dobäi setzt sech eng Partie aus enger Rei vu verschiddene Spillbunnen zesummen, déi absolvéiert musse ginn. Genauegkeet, Ausdauer, Mentalstäerkt an Technik sinn onverziichtbar fir dëse Sport.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Prinzip a Regelen
De Prinzip vum Golf ass et e Ball (mindestens 42,67 mm Duerchméisser, héchstens Gewiicht 45,93 g) mat engem Golfschléier (Club) an esou mann wéi méiglech Ki vun enger als Ofschlag bezeechent Fläch an Aklang mat de Regelen an e kreesfërmegt Lach mat 10,8 cm Durechméisser ze spillen, dat meeschtens e puer honnert Meter wäit ewech ass. D'Spillfeld, de sogenannte Golfterrain, ëmfasst an der Regel 18 Spillbunnen, déi am ganze bis zu 7.000 Meter laang kënne sinn. Golf ass eng vun den eenzege Ballspillaarten, wou kee fixt Standartspillfeld benotzt gëtt.
[Änneren] Golfterrain
Golf spillt sech op engem Stéck Land, dat als Parcours (Course) bezeechent gëtt. De Parcours besteet aus enger Serie vu Spillbunnen oder Lächer, déi sech an der Regel aus 9 oder 18 zesummesetzen. Den éischte Schlag pro Lach gëtt vum Tee, enger spezieller, meeschtens riichter Fläch gemaach. Nom Ofschlag schléit de Spiller de Ball vum Fairway, aus dem Rough oder vum Green bis datt de Ball am Lach läit. De Green ass eng speziell Fläch wou dat kreesfërmegt Lach mat engem Duerchméisser vun 108 mm a mat engem Fändel an der Mëtt steet. De Wues ass hei extrem kuerz geschnidden, sou datt de Ball gutt rullen (ouni ze sprangen) kann. Déi kuerz geschnidde Fläch tëscht dem Tee a dem Green gëtt als Fairway bezeechent. Am Géigendeel ass d'Grass am Rough, meeschtens säitlech vum Fairway, héij oder guer net geschnidden.
Op ville Lächer sinn Obstakele matagebaut, déi aus Waasser- an Sandobstakelen bestinn. Et ënnerscheed een tëscht säitlechen (markéiert duerch rout Piqueten) a frontalen (markéiert duerch giel Piqueten) Waasserobstakelen, déi sech aus Weieren a Baachen zesummesëtzen. Sandobstakele gi Bunkere genannt a sëtze sech aus enger Kaul, déi mat Sand gefëllt ass zesummen.
[Änneren] Material
[Änneren] Berühmt Golfspiller
- Tiger Woods
[Änneren] Kuckt och