Paul Lauterbur
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Paul Christian Lauterbur, gebuer de 6. Mee 1929, gestuerwen de 27. Mäerz 2007, war en US-amerikanesche Chemiker a Radiolog, deen 2003 zesumme mam Peter Mansfield de Nobelpräis fir Physiologie a Medizin kritt huet, fir seng Aarbechten, déi d'Entwécklung vun der Magnéitresonanztomographie (Magnetic Resonance Imaging, MRI) erméiglecht hunn.
Dem Paul Lauterbur seng Urgrousselteren, de Michel Lauterbour (Lauterborn) vu Bus a seng Fra, d'Anne Heber, sinn 1848 vu Lëtzebuerg an de Seneca County, Ohio, ausgewandert. Hie selwer ass zu Sidney, Ohio, gebuer an opgewuess an huet do seng Highschool gemaach. Studéiert huet en op der Case Western Reserve University zu Cleveland an op der University of Pittsburgh.
Seng Fuerschungsaarbechten, déi em den Nobelpräis abruecht hunn, huet hien op der State University of New York at Stony Brook gemaach. Hie war, bis zu sengem Doud, Professer op der University of Illinois at Urbana-Champaign.
Dem Lauterbur an dem Mansfield hir Recherchen hunn derzou gefouert, datt magnéitesch Kärresonanz (Nuclear magnetic resonance, NMR), déi bis dohinner just agesat gouf, fir d'chemesch Struktur vu Substanzen z'erfuerschen, och konnt agesat gi fir Biller vum Kierper ze produzéieren. Dobäi huet de Laterbur Gradianten an d'Magnéitfeld agefouert, déi et erlaben, den Urspronk vun de Radioswellen ze bestëmmen, déi vun den Atomkäre vum Objet, deen ënnersicht gëtt, ausgestraalt ginn.