Paul Wild
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Paul Wild ass e schwäizer Astronom, dee laang Joren als Professer - vun 1980 bis 1991 als Direkter vum Astronomeschen Institut - op der Universitéit Bern geschafft huet, wou hie bis haut als Emeritus täteg ass. Ausserdeem ass hien Doktor vun der Philosophie an der Naturwëssenschaft souwéi President vun der Fritz-Zwicky-Stëftung.
Am Zimmerwald Observatoire bei Bern entdeckt de Prof. Wild am Laf vu senger Carrière 94 Asteroiden, dorënner och e puer äerdno Asteroiden, a siewen Koméiten. Séng wichtegst Entdeckung ass de periodesche Koméit Wild 2 (offiziell Bezeechnung: 81P/Wild), den de Wild de 6. Januar 1978 als éischten gesinn huet. Dëse Koméit gouf vun der NASA als Zil fir d’Stardust-Missioun ausgewielt. D’Raumsond huet virun allem Stëbspartikel vum Koméit afänken an op d’Äerd zeréckbrénge.
D’Raumsond ass den 15. Januar 2006 op d’Äerd zeréckkomm.
De Schwäizer ass Nummgiewer vum Asteroid (1941) Wild.