UNESCO
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
UNESCO (oder Unesco) ass den Akronym fir United Nations Education, Science and Culture Organisation, deemno d'Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir Erzéiung, Wëssenschaft a Kultur. Si gouf de 16. November 1945 gegrënnt an huet hire Sëtz zu Paräis.
D’Unesco organiséiert hir Aarbecht a 5 grousse Progrmmen: d'Educatioun, d'Naturwëssenschaften, d'Sozial- a Geeschteswëssenschaften, d'Kultur an d'Kommnikatioun an Informatioun.
D'Unesco huet 191 Memberstaaten (Stand: 10. Abrëll 2005).
D'Unesco ass virun allem bekannt fir hir Lëscht vun der Weltierfschaft, déi dës a verschidde Kategorien deelt.
De Koïchiro Matsuura ass zënter dem 15. November 1999 hire Generoldirekter.