Prosper Friob
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Prosper Friob, gebuer 1902 a gestuerwen 1996, war Zeecheprofesser zu Esch-Uelzecht a Lëtzebuerg. De Spëtznumm deen hie vun de Schüler krut war de Fribchen, an sou war hien dann och spéider soss duerch d'Land bekannt. Hien huet zu Wien studéiert an ass besonnesch als lëtzebuergesche Moler bekannt, haaptsächlech duerch seng Uelegbiller vu Clownen. An hir Gesiichter huet hien eng grouss Sentimentalitéit geluecht. Ënnert senge Wierker sinn och vill Landschaften. Doriwwer raus huet de Prosper Friob a senger Fräizäit och nach Geie gebaut.
[Änneren] Auszeechnungen
- De Prosper Friob war Chevalier de l'Ordre de la Couronne de Chêne