Protection Civile
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Protection Civile, oder kuerz einfach Protex genannt, ass eng lëtzebuergesch Organisatioun déi 1936 vu Fräiwellege gegrënnt gouf.
Eng Reorganisatioun war Ufank der 1960er Joren (et war d'Zäit vum Kale Krich), wou d'Definitioun vun hiren Aufgabe méi vaste war, an zwar, d'Bevëlkerung virun de verschiddene Bedrohungen ze schützen, wat een och an hirem Logo erkenne kann (e Ris dee mat engem Schëld, deen hien no uewen hält, ee Männche schützt). Mam neie Gesetz gëtt et d'Protection Civile u sech net méi. Si ass 'just' nach eng Ofdeelung, betreit vum Guy Bley, vun der ASS, der nei gegrënntener Administration des Services de Secours, déi d'Pompjeeën an d'Protex ënnert een Hutt bréngt.
Direkter vun der ASS ass zanter dem 1. Juli 2004 de Michel Feider. Gréisstendeels maachen all d'Memberen hir Aufgab fräiwelleg, dat gëllt awer net fir d'Employéë vun der Direktioun, der Leitstell an dem Atelier zu Lëntgen.
Mat der Telefonsnummer 112 kënnt een direkt an d'Leitstell déi zu Gaasperech iwwert der Direktioun ass. An hir kann all Bierger ëm Hëllef froen a kritt déi och normalerweis. Ausserdeem kann ee sech um 112 iwwer Apdikten, Spideeler a Véidokteren am Déngscht renseignéieren.
[Änneren] Aufgabe vun der Protection Civile
Am Laf vun den Joren huet d'Protection Civile sech zu enger Vereenegung aus ville klengen oder grousse Fachtruppen développéiert. Si sinn:
- Den Ambulanz-Service, zum Krankentransport an der Rettung vun Leit aus hirer Nout;
- De SAMU, dee mat engem Noutdokter a schwéiere Fäll d'Ambulancieren ënnerstëzt;
- De Sauvetage, deen technesch Hëllefsleeschtungen erbréngt an d'Ambulanz ënnerstëzt, z.B. beim Bierge vu Mënschen;
- Den N.B.C.-Grupp, deen am Fall vun nuklearen, biologeschen oder chemesche Katastrofen zur Hëllef kënnt, viru kuerzem awer opgespléckt gouf an e Groupe Chimie Biologique an e Groupe de Protection Nucléaire;
- Den Tauchergrupp, deen op Rettungsaktiounen ënner Waasser spezialiséiert ass;
- Den Hondsgrupp, dee mat senge Spürhënn no vermësste Persounen ënner Trümer oder op enger Fläch siche kann;
- Den USP, Unité de Support Psychologique, deen an Noutsituatiounen (Accidenter, Suizider) séilesche Bäistand ka leeschten;
- De Ravitaillement, dee bei grousse Schuedenslagen Affer an Hëllefer mat Iessen an Drénke versuergt;
- Den CNA, deen an Krichsfall oder bei nuklearen Tëschefäll d'Schuedenslag analyséiert a koordinéiert;
- Den HIT, den Humanitarian Intervention Team, deen am Noutfall an d'Ausland, z.B. an Äerdbiewegebidder geschéckt ka ginn.
All dës Gruppen, déi obgezielt goufen, sinn op hirem Gebitt ausgebilt a maachen hir Aarbecht fräiwëlleg. Dësweidere këmmert sech d'Protection civile och nach ëm d'Alarméierung vun de Pompjeeën, an d'Organisatioun vun Éischt Hëllef-Coursen an och ëm d'Ausbildung vun hire Memberen.
[Änneren] Um Spaweck
- B.N.S.(Base Nationale de Secours) zu Lëntgen