Rivaner
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Rivaner | |
---|---|
Foto feelt | |
Faarf | |
wäiss | |
Geschmach | |
neutral bis liicht fruuchteg oder no Muskat | |
Alkoholgehalt | |
% | |
Temperatur fir ze drénken | |
6 - 8 ° | |
Ubaugebidder | |
Rheinhessen(D), Pfalz (D), Lëtzebuerger Musel | |
Ubaufläch weltwäit | |
45.000 ha |
Rivaner (fréier: Riesling-Sylvaner, dt: Müller-Thurgau) ass eng Wäisswäin Riefzort, déi zënter ongeféier 1925 op der Lëtzebuerger Musel ugebaut gëtt.
Et ass eng Kräizung tëschent Riesling a Chasselas déi 1892 vum Herrmann Müller aus dem schwäizer Kanton Thurgau gemaach gouf. Den Numm dee fréier Sämling 58 war, eng Mëschung aus Riesling a Sylvaner, goung 1913 ëmgenannt a Müller-Thurgau, wéi en an Däitschland komm ass.
[Änneren] Eegeschaften
De Wäin, deen aus der Rivanerdrauf gemaach gëtt huet en niddregt Oechslegewiicht an ass duerfir e liichte blummege Wäin, deen dacks als einfachen Dëschwäin oder am Café gedronk gëtt.
[Änneren] Ubaugebidder
Am Joer 2003 sinn zu Lëtzebuerg 397,48 Hektar Rivaner ugebaut ginn. Weltwäit gëtt den Müller-Thurgau op bal 45 000 ha (1999) ugebaut, dovunner ronn 17 300 ha an Däitschland.