Robert Siodmak
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Robert Siodmak, gebuer den 8. August 1900 zu Dresden an Däitschland, a gestuerwen den 10. Mäerz 1973 zu Locarno an der Schwäiz) war en US-amerikanesche Filmregisseur vun däitsch-polnescher Ofstamung.
De Brudder vum Curd Siodmak war e wichtege Vertrieder vum Expressionismus. Wéi vill Anerer huet hien dem Nationalsozialismus de Réck gedréit an ass an d'USA gaangen; hien ass awer nom Zweete Weltkrich an Däitschland zréckkomm. An der Zäit vu sengem Exil huet en e puer wichteg Film Noir gedréit, wéi 1946 The Spiral Staircase awer och e puer Aventure-Filmer wéi 1952 de Crimson Pirate mam Burt Lancaster.
An Däitschland konnt de Siodmak sech e gudden Numm maache mat dem Seriekiller-Film, dee sech an Nazi-Däitschland ofspillt, Nachts, wenn der Teufel kam vun 1957 mat engem jonke Mario Adorf. De Siodmak huet zwee Karl May Filmer gedréit; 1964 Der Schut a 1965 Der Schatz der Azteken, allebéid mam Lex Barker.
[Änneren] Seng Filmer
- 1929: Menschen am Sonntag zesumme mam Billy Wilder, Edgar G. Ulmer und Rochus Gliese
- 1930: Kampf mit dem Drachen oder: Die Tragödie des Untermieters (Kuerzfilm)
- 1930: Abschied mam Brigitte Horney
- 1931: Autour d'une enquête mam Annabella
- 1931: Der Mann, der seinen Mörder sucht mam Heinz Rühmann
- 1931: Voruntersuchung mam Albert Bassermann
- 1932. Tumultes mam Charles Boyer
- 1932: Stürme der Leidenschaft mam Emil Jannings
- 1932: Quick I mam Hans Albers
- 1932: Quick II mam Jules Berry
- 1933: Brenendes Geheimnis mam Willy Forst
- 1933: Le sexe faible mam Mireille Balin a Pierre Brasseur
- 1934: La crise est finie mam Albert Préjean a Danielle Darrieux
- 1936: La vie parisienne
- 1936: Mister Flow mam Fernad Gravey an Edwige Feuillère
- 1936: Le grand refrain mam Fernand Gravey
- 1937: Cargaison blanche mam Jules Berry a Käthe von Nagy
- 1938: Ultimatum zesummen gedréint mam Robvert Wiene mam Erich von Stroheim
- 1938: Mollenard mam Harry Baur
- 1939: Pièges mam Maurice Chevalier a Maria Déa
- 1941: West Point Widow mam Anne Shirley
- 1942: Fly-By-Night mam Richard Carlson a Nancy Kelly
- 1942: The Night Before the Divorcemam Joseph Allen
- 1942: My Heart Belongs to Daddy mam Richard Carlson
- 1943: Someone to Remember mam Mabel Paige
- 1943: Son of Dracula mam Lon Chaney Jr
- 1944: Phantom Lady mam Franchot Tone
- 1944: Cobra Woman mam Maria Montez a Sabu
- 1944: Christmas Holidaymam Deanna Durbin a Gen Kelly
- 1944: The Suspect mam Cahrles Laughton
- 1945: The Strange Affait of ncle Harry mam George Sanders
- 1945: The Spiral Staircase mam Dorothy McGuire a George Brent
- 1946: The Killers mam Burt Lancaster an Ava Gardner
- 1946: The Dark Mirror mam Olivia de Havilland a Lew Ayres
- 1948: Time Out of Mindmam Phyllis Calvert
- 1948: Cry of the City mam Victor Mature a Shelley Winters
- 1949: Criss Cross mam Burt Lancaster a Yvonne de Carlo
- 1949: The Great Sinner mam Gregory Peck a Ava Gardner
- 1949: The File on Thelma Jordanmam Barbara Stanwyck a Wendell Corey
- 1950: Deported mam Jeff Chandler a Claude Dauphin
- 1951: The Whistle at Eaton Falls mam Lloyd Bridges an Dorothy Gish
- 1952: The Crimson Pirate mam Burt Lancaster a Eva Bartok
- 1952: Le grand jeu mam Gina Lollobrigida a Jean-Claude Pascal
- 1955: Die Ratten mam Maria Schell a Curd Jurgens
- 1956: Mein Vater, der Schauspielermam O. W. Fischer a Hilde Krahl
- 1957: Nachts, wenn der Teufel kammam Claus Holm a Mario Adorf
- 1958: Dorothea Angermann mam Ruth Leuwerick a Karl Lieffen
- 1959: The Rough and the Smouth mam Nadja Tiller a William Bendix
- 1959: Katia mam Romy Schneider a Curd Jurgens
- 1960: Mein Schulfreund mam Heinz Rühmann a Loni von Friedl
- 1961: L'affaire Nina B. mam Nadja Tiller a Pierre Brasseur
- 1962: Escape from East Berlin mam Don Murray a Christine Kaufmann
- 1964: Der Schut mam Lex Barker a Marie Versini
- 1965: Die Pyramide des Sonnengottes mam Lex Barker a Michèle Girardon
- 1965: Der Schatz der Azteken mam Lex Barker a Gérard Barray
- 1966: Custer of the West mam Robert Shaw a Mary Ure
- 1968: Kampf um Rom I mam Laurence Harvey a Sylva Koscina
- 1969: Kampf um Rom II - Der Verrat mam Laurence Harvey a Orson Welles