Spica (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Spica (lat. "Kar,Kuer") ass de Numm vum Stär α Virginis. De Spica ass deen hellste Stär am Stärebild Jongfra. Aner Nimm sinn: Azimech, Alaraph.
D’Spica ass en Bedeckungsverännerleche vum Typ Algol. Hir Hellegkeet verännert sech mat enger Period vun 4,0142 Deeg tëschent + 0,92 mag an + 0,98 mag. Dës gerëng Hellegkeetsschwankung ass visuell praktesch net feststellbar.
D’Spica kann als ekliptiknoen Stär vum Äerdmound a (ganz selten!) vu Planéiten bedeckt ginn. Déi lescht Bedeckung vum Spica duerch e Planéit war de 10. November 1783 duerch d’ Venus, déi nächst kënnt den 2. September 2197 erëm duerch d’Venus.[1].
- Schäinbar Hellegkeet: 0,95m
- Absolut Hellegkeet: -2,9m
- Rektaszensioun (Äquinoktium 2000.0): 13h25m11.60s
- Deklinatioun (Äquinoktium 2000.0): -11°09'41.0"
- Spektraltyp: B2
- Distanz: 262 Liichtjoer
- Faarf: bloelzech (blo)