Steesel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
||||||
---|---|---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Steinsel de: Steinsel |
|||||
Gemeng | Steesel | |||||
Buergermeeschter | Jean-Pierre Klein (LSAP) | |||||
Kanton | Lëtzebuerg | |||||
Awunner | ||||||
Fläch | km² | |||||
Koordinaten | 49° 40’ 42’’ N, 06° 07’ 28’’ O | |||||
Awunner (Gemeng) | 4526 | |||||
Fläch (Gemeng) | 2181 ha | |||||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Gemeng
Steesel ass eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen an besteed aus 3 Uertschaften:
- Steesel, (Steinsel)
- Heeschdref, (Heisdorf)
- Mëlleref, (Mullendorf)
[Änneren] Geographie
Gemeng Steesel, déi éng Fläch fun 2181 Ha huet, léit nördlech fun Walfer an ass déi nördlechst Geméng fum Kanton Lëtzebuerg. D'Gemeng Steesel läit am Uelzechtdall. Steesel get durch d'Uelzecht an 2 Deeler getrennt, westlech fun der Uelzecht, leien Steesel an Mëlleref, östlech léit Heeschdref. Anwunner: Steesel huet am Joer 2006, 1673 Stéit gezielt mat 4609 Anwunner, dovun wunnen der 1924 zu Steesel, an 1048 zu Mëlleref. Heeschdref zielt 1637 Awunner.
Verkéier: D'Lëtzeburger Stroos d'N7, hapt Verkéiersaxe zwescht der Stadt Lëtzebuerg an Miersch, féiert durch Heeschdref. Gemeng Steesel huet och eng Gare, an d'heeschdrefer Gare leit op der Stréck Lëtzebuerg-Ettelbréck. Gleich e puer Buslinien verbannen d'Gemeng Steesel mat der Stadt.
[Änneren] Geschicht
D'Gemeng Steesel war fréier weesentlech méi grouss. Duerch e Gesetz vum 25. November 1850 ass aus Deeler vun der Gemeng Steesel d'Gemeng Walfer geschafe ginn. En anert Gesetz vum 22. Februar 1853 huet weider Deeler vu Steesel ofgetrennt fir d'Gemeng Koplescht ze schafen.
Um stéseler Bierg goufen Iwerreschter fun énger Réimescher Siedelung fonnt, op de Paltz genannt "ROELLENT", an wéisen op eng lang Geschicht hin. Desweideren goufen beim Bau fun der Stéseler Kierch 1854, Iwerreschter fun Thermen fonnt.
Op den héiteger Fläch fun der Gemng stoungen zu Millen, Bintze Millen an Werdels Millen, aus den no an no déi zwou Uertschaften Mëlleref respektif Steesel enstaan sin. Heeschdrefer Wurzelen féieren op Heeschdrefer Schlass zeréck, waat an der Vergangenheet eng Buerg war, an Haut fun Schwesteren an fun der Fondation Tricentenaire bewunnt get.
[Änneren] Landwirtschaft
D'Landwirtschaft huet zu Steesel nom zweeten Weltkrich een grousen Opschwong gehaat. Steesel war an ass och nach haut fir séng Erdbieren, Oubst an Gromperenzucht bekannt. Stéseler Gromperen gin fun Luxpatates am ganzen Land verkaaft. Op dem stéseler Bierg stin och haut nach grouss Bongerten déi Privatleit an Butteker mat lëtzebuerger Äppel an Bieren versourgen. Och Landschaftsgärnter (Bamschoul Becker zu Mëlleref an Pépinières Kintzlé zu Heeschdref) an Blumengärtner (Fleurs Wüst) hun zu Steesel éng lang Traditioun. Och nach haut zielt Steesel een etlech baueren Betrieber.
[Änneren] Ekonomie
Steesel huet een Supermarché, den Pall Center an déi local Industriezone zielt iwert 30 Firmaen. Desweideren huet Cegedel zu Heeschdref een fun hieren Setz.
[Änneren] Liewen an der Gemeng
Steesel huet lanscht der Uelzecht, een Noerhoulungsgebitt geschaaf, wat och nach déi next Joeren wärt ausgebaut gin. Am Zentrum fun dem Projekt ass Renaturéierung fun der Uelzecht. Desweideren schafen Spillplatzen an een Veloswee den Walfer mat Heeschdref verbennt éng naturbeloosen Zone. D'Gemeng Steesel huet des weideren mat den Gemengen Walfer an Lorentzweiler eng interkommunal Schwëmm, d'Pidal geschaaf. D'Musek L'Echo de l'Alzette de la Commune de Steinsel ass 2002 aus dem Zesummenschloss fun der stéseler an der heeschdrefer Musek enstaan. Och Sport an der Gemeng grouss geschriewen, an do sin firun allem een etlech Basketstitelen fun der BBC Amicale Steesel erfier ze hierwen
[Änneren] Kuckeswäertes
- Reschter vu Gallo-Réimeschen Tempelen
- D'Gebuertshaus vum Willy Goergen
- D'Gebuertshaus vum Sepp Hansen
[Änneren] Fir ze liesen
- Schmitt, Michel: Die Pfarrkirche von Steinsel in ihrem zeitgenössischen Enstehungskontext Steinsel : Administration communale, 2005. - 24 p. : ill. ; 21 cm
- La commune de Steinsel en images : son développement récent, Steinsel : Commune, 2005 - 36 p. : ill. ; 21 x 30 cm
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Bartreng | Hesper | Konter | Lëtzebuerg | Nidderaanwen | Sandweiler | Schëtter | Steesel | Stroossen | Walfer | Weiler-la-Tour
Schëtter