Joseph Hansen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Joseph Hansen, gebuer den 3. Januar 1874 zu Steesel, a gestuerwen den 3. Dezember 1952, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, deen op Franséisch geschriwwen huet.
De Joseph Hansen koum als eelst vun 16 Kanner, dovu 15 Jongen, op d'Welt. Seng Etuden huet hien an der École Normale Supérieuere de Paris gemaach. Tëscht 1899 an 1918 war hien am Dikrecher Lycée ugestallt a vun 1918 bis 1939 am Kolléisch an der Stad.
De "Sepp" Hansen, wéi e genannt gouf, huet aussergewéinlech vill Schrëftleches hannerlooss. Ënner dem Pseudonym Jean de Crécy huet hien am loutrengesche Bliedchen L'Est Républicain iwwer literaresch Themae geschriwwen. An der Zeitung L'Indépendance Luxembourgeoise ware seng méi philosophesch Artikelen ënner sengem "Schreifnumm" Pangloss ze fannen.
Erzielungen oder Romaner huet de Joseph Hansen keng hannerlooss.